Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Lëtzebuerger Guiden a Scouten

LGS #ScoutenDoheem Newsletter Nr.4

Léif Guiden a Scouten, léif Kanner a Jonk, léif Elteren,


Duerch déi aktuell sanitär Kris falen all Aktivitéite vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten fir de Moment aus. Fir onse ville Kanner a Jonken awer net alles ze huelen, proposéieren d’LGS all Woch a fir all Branche Aktivitéiten ënnert dem Motto #ScoutenDoheem. Et sollen awer och Kanner a Jonker déi net bei den LGS Member si gäre matmaachen.

#ScoutenDoheem – Aktivitéiten (Woch 4)

Et sinn einfach a kleng Aktivitéiten déi all Kand a Jonken och an den aktuelle Konditioune vum Confinement soll kënne maachen, natierlech fräiwëlleg a ganz ouni Drock. Dofir schécke mer och „just“ eng Aktivitéit pro Woch. All Woch steet ënnert engem aneren Thema, esou sollen d’Aktivitéiten net repetitiv ginn.


Mir schécken d’Aktivitéite vun alle Branchë mateneen an u jiddereen, esou kann een natirlech och d’Aktivitéite vun den aner Branchë kucken a probéieren.


Wee wëll soll seng Aktivitéit och dokumentéieren (Foto, Film, Toun, …) an op onse Site eroplueden.


UPDATE: D'Aktivitéite vun der Woch 4 sinn elo online

--> Méi Informatiounen <--


Lalux Assurances Sales Lentz