Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Communiqué vun den LGS - Besonnesch Aktivitéit fir dem Chefscout ze gedenken

Léif Guiden a Scouten,
Léif alleguerten, déi an der Verantwortung stitt,

Doudesannonce fir de Chefscout/ Update


Op ausdréckleche Wonsch vum Haff solle keng Doudesannoncë geschalt ginn, mir sollen eis Verbonnenheet ënnert enger aner Form zum Ausdrock bréngen.

Besonnesch Aktivitéit fir dem Chefscout ze gedenken


Mëttwochs, den 1. Mee

Garde d'honneur vun den Guiden a Scouten vun 10.00-19.00 Auer. Des Garde d'honneur gëtt vu béide Comités fédéraux (FNEL an LGS) organiséiert an assuréiert.

Samschdes de 4. Mee

Zesumme mat eise Bridder a Schwëster vun der FNEL organiséiere mir e Stärentour. Hei sinn all Scouten, kleng, grouss, jonk, al, aktiv Member oder Amicale, invitéiert fir matzemaachen.

RDV gi mir eis op 3 Plazen :

- Luxexpo, um 07h30
- Houwald um 08h00
- Bouillon um 08h30

Vun do aus trëppele mir zesummen an d’Péitruss fir eng grouss Chaîne des adieux ze maachen. Sief och du mat dobäi fir eisem Chef-Scout Äddi ze soen. Duerno gi mir zesumme bei de Cortège.
Mellt iech w.e.g. als GRUPP iwwert dëse Link un! (1 Umeldung pro Grupp weg) https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLScvwdyp10MUkY-75KQSrQHFkceG-x0u7QrM-s6bRQcf05ffLQ/viewform?usp=sf_link
Tip Top Uniform mat Foulard ass sous-entendu

Samschdes, den 4. Mee
Scouten sti Spaléier. 250 Guiden a Scouten vum SIL (dovun 125 vun den LGS) sti Spaléier wann de Sarg vum Palais an d'Kathedrale gedroe gëtt.
Mir wëlle jidderengem (iwwert 15 Joer, Virgab vun der Police) d'Méiglechkeet ginn dem Chefscout eng lescht Éier ze erweisen (an Uniform an Foulard a schwarzer Box).
Et ginn och nach eemol 30 Guiden a Scouten gebraucht fir Spaléier ze stoën um Parvis vun der Kathedral um Schluss vun der Mass.
Aus organisatoresche Grënn biede mir Iech dass 1 aus all Grupp de Formulaire bis ee Méinden, den 29. Abrëll um 17 Auer ausfëllt. https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdV-Ow9lgO60RZxq4SKFV8X3bo3T8QKC1vWKr98HO9JUuw5ow/viewform?usp=sf_link (De provisoreschen Timing gesäit vir dass dir vun 9.00 Auer bis 14.00 Auer musst disponibel sinn)
Mir kommunizéieren Iech dono schnellstméiglech d'Unzuel vu Leit aus ärem Grupp déi kennen un dësen 2 Aktivitéiten deelhuelen

Dee genëen Timing an sonsteg organisatoresch Détailer kritt där matgedeelt, soubaal déi virlaien.
Merci fir är Verständnis wann dëst kuerzfristeg sollt sinn.

Mat beschte Guiden a Scoutsgréiss,
Anouk an Ivo
 
Lalux Assurances Sales Lentz