Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Merci un iech all...

Léif Guiden a Scouten,

MERCI iech all dass dir e Samschden sou zahlreich an der Stad waart fir dem Chefscout Äddi ze soen. Et waren fir eis vill emouvant Momenter an trotz der Keelt huet keen et sech huele gelooss dem Chefscout déi läscht Éier ze erweisen.

Dee Merci kennt net nëmmen vun eis, ma och:


---------------------------------------------------


    Vun der Arméi:

„Gudde Moien,

Ech wollt merci soen fir di gut Kooperatioun iwert di lescht 2 Wochen a firun allem och alle Scouten Merci soen di eis gehollef hun eng flott Haie d’honneur op d’Been ze setzen.

Bescht Gréiss a nach emol Merci!“


---------------------------------------------------

    Vum Palais:

„E ganz grousse Merci un Iech all fir aeren Asatz an Aer Prestatioun dei zum Succès vun eiser Missioun gefouert hun!

Ech iwermettelen Iech d’Felicitatiounen vun den Herrschaften.“


---------------------------------------------------


    Vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse:

    « Bravo » dixit d’Grande-Duchesse.
    « Cela à été une magnifique réussite et d’une très grande dignité à la hauteur de ce que mon père représentait pour nous tous et pour notre Pays. » dixit de Grand-Duc.


---------------------------------------------------

Mir wënschen Iech eng ganz flott Woch,

LG,

Anouk an Ivo

 
Lalux Assurances Sales Lentz