Lëtzebuerger Guiden a Scouten

LGS Newsletter N° 9 2018-2019

47. Bilschdrefer Kiermes mat Centenaire-Feierlechkeet 100 Joer LGS

Heimat invitéieren mär jiddereen op eis 47. Guide/Scoutskiermes, déi dëst Joer ënnert dem Thema «100 Joer LGS » steet. continue reading

Uniformshiemer - Rupture de Stock

Léif Guiden a Scouten,

Wéi dir all scho matkritt hutt kennt dir am Moment am Scouts-Shop bei der Maison Leissure
op der Gare  keng Uniformshiemer méi kafen, wat op eng Rupture de Stock zréckzeféieren
ass. Mir entschëllegen eis fir des Ëmstänn. Des Rupture de Stock ass net der Maison Leissure
hier Schold, mee hänkt mat puer Faktoren zesummen déi openee gestouss sinn.

Déi nei Uniformshiemer si bestallt a wäerte fir d’Campen, deemno an der leschter
Schoulwoch, Woch vum 8.7.2019 disponibel sinn. Mir wäerten eng weider Newsletter erausgi
soubal Uniformen do sinn, sou datt dir iech net nach eemol musst an de Shop deplacéieren.
 
Merci fir äert Versteesdemech an är Gedold,
Lénks Patt,

Anouk an Ivo

Fréijoersrenconter

Den 28 Juni 2019 ass déi nächst Renconter zu Diddeleng ënnert dem Thema « Back to the roots ». Wat gehéiert zu den Guiden a Scouten, Wat zeechent eis aus ? Zu dem Thema probéieren mer déi wichtegst Techniken nach eng Kéier selwer aus an kucken wat wichteg an der Formatioun vun eisen Cheftainen a Chef ass. D’Gruppenekipp freet sech dech, léiwe Gruppechef an léif Gruppecheftaine zu Diddeleng am Home Saint Jean, rue du Mont Saint Jean, 3492 Dudelange, um 19 :30 Auer begréissen ze kennen. continue reading

EJ2020: 2. Newsletter

[LU] Léif Guiden a Scouten, Hei déi 2. Newsletter vum Letzebuerger Contingent op den Europäeschen Jamboree 2020 a Polen : Newsletter Nr.2 (LU) Fir... continue reading

Gesicht : Crèche während dem STAP

Du bass motivéiert mat Kanner ze schaffen an hues vum 31. August bis de 7. September Zäit, da brauche mir genee dech. Während dem STAP brauche mir nach deen een oder aner, dee motivéiert ass eng Crèche z’organiséieren, dëst souwuel fir d’Kanner vum Staff, wéi vun de Kandidaten. Du hues och eppes dovunner, well s du deng Ernennung bei denger nächster Erneierung kanns ëm 3 Joer verlängere loossen a keng Paddele muss dofir sammelen.

Bei Interesse mellt Iech op formatioun@lgs.lu

Congé jeunesse – leschten Termin

Léif Chef/tainen, denkt drun är Demandë vum Congé jeunesse mat Zäit eranzeschécken. D’Demande sollt 1 Mount virum Camp beim SNJ ukommen.... continue reading

 
Lalux Assurances Sales Lentz