Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Corona Update - 15.07.2021

Léif Cheftainen a Chefs,

Den Educatiounsministère huet haut nei Bestëmmunge fir d’Aktivitéite vun de Jugendorganisatiounen (also och vun de Guiden- a Scoutscampen) am Kontext vun der Covid-19 Pandemie erausginn. 

Fir d’Guiden a Scouten gëllen elo folgend Reegelen:

 

CovidCheck :

  • De „CovidCheck“ ka bei Guiden- a Scoutsaktivitéite benotzt ginn.

 

 

  • Un enger Aktivitéit mat CovidCheck däerfe maximal 300 Leit deelhuelen.

 

 

Aktivitéiten dobaussen :

  • Bei Aktivitéiten, déi dobausse statt fannen, musse keng Maske gedroe ginn an et muss keng Distanz ënnertenee gehale ginn.

 

 

Aktivitéiten dobannen :

Mat CovidCheck:

  • Et mussen dobanne keng Maske gedroe ginn an et muss keng Distanz ënnertenee gehale ginn.

 

Ouni CovidCheck:

  • Wann de Grupp aus maximal 10 Leit besteet: et mussen dobanne keng Maske gedroe ginn an et muss keng Distanz ënnertenee gehale ginn.

 

  • Wann de Grupp aus méi wéi 10 Leit besteet: et mussn dobanne Maske gedroe ginn an d’Distanzreegele mussen agehale ginn.

 

 

Aktivéite mat Iwwernuechtung(en):

  • Den Organisateur muss kontrolléieren dass all d’Participanten (Jonker a Chefs) eng vun dëse 4 Konditiounen erfëllen:
    • Certificat vun der Impfung (CovidCheck)
    • Certificat dass „geheelt“ (CovidCheck)
    • Certificat vun engem negativen Test (CovidCheck)
    • en negative Covid-Schnelltest, deen op der Plaz gemaach gouf
  • Wann d’Aktivitéit méi wéi 2 Nuechten dauert, muss all Participant (Jonker a Chefs), deen net geimpft oder „geheelt“ ass, en zweete Schnelltest um drëtten Dag vun der Aktivitéit maachen. Wann ee vun dësen Tester positiv ass, muss d’Aktivitéit ofgebrach ginn.

  • All Participant (respektiv d’Eltere bei Mannerjäregen) muss eng „déclaration sur l’honneur“ (cf. Modell vum Ministère) ausfëllen an domadder bestätegen dass hien an den Deeg virun der Aktivitéit keng Covid-Symptomer hat a wëssentlech kee Kontakt mat engem positive Fall vu Covid-19 hat.

 

 

Aktivitéiten am Ausland :

  • D’Reegelen a Gesetzer vum jeeweilege Land mussen agehale ginn.

 

 

Schnelltester :

 

  • D’Tester mussen op enger Plaz gemaach ginn, wou d’Participante ausernee sëtzen.

 

  • Den Educatiounsministère stellt Schnelltester zur Verfügung. Dës kënne bis spéitstens 2 Woche virun der Aktivitéit an der Géisserei ugefrot ginn.

 

 

 

Sanitärt Konzept :

  • Fir e spéideren „Tracing“ ze vereinfachen, muss fir all Camp obligatoresch e „sanitärt Konzept“ opgestallt ginn. Heizou gehéieren – ënnert anerem – folgend Punkten : 
    • Wéivill Participanten huelen um Camp deel a wéi sinn dës Gruppen agedeelt ?
    • Wie schléift am selwechten Dortoire / Zelt ?
    • Wien ësst um selwechten Dësch ? 

 

Logbuch fir Visiteuren :

  • Et soll eng Lëscht gefouert ginn, fir d’Leit ze identifizéieren, déi a Kontakt mat enger infizéierter Persoun waren.

 

 

Informatioun vun den Elteren :

  • Den Organisateur muss d’Elteren doriwwer informéieren, dass d’Aktivitéit kann zu all Moment ofgebrach ginn (z.B. wann e Schnelltest positiv ass) an dass si an deem Fall hier Kanner musse siche kommen. De Ministère huet heifir e Modellbréif ausgeschafft.

 

 

Mir wënschen iech alleguer e ganz flotte Camp, 

 

 

Marc WEIS an Angélique KRIER, Team

David HECK, LGS-Dokter

 

 

Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken