Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Oktober 2020
Rapport Verbandskongress 2020

Léif Cheftainen a Chef,

Heimat schécke mir iech de Rapport vum Verbandskongress 2020.

Rapport Verbandskongress 2020

Ausserdem kennt dir de Kongress hei nach eng Kéier am Replay kukken

Et sinn nach Plazen op de Formatioune fräi !

Wéinst de Coronamesuren ass d'Maximalunzuel vu Kandidaten op Maximum 30 festgesat ginn. Trotzdem sinn nach vill Plaze fräi !

Dir de Moment kann ee sech fir folgend Formatiounen vum 1ten Zyklus umellen:

  • Tronc Commun
  • STIP
  • PS-Formatioun

D'Umeldung geet zënter dem Chefdag iwwert eise Portal an der Chefbox. Dofir brauchs du däi Cheflogin !

Dir fannt dat Portal an der Chefbox : https://chefbox.lgs.lu/katalog/zyklen/

Bei soss Froen => formatioun@lgs.lu

Nationale CaraPio Summercamp 2022 - STAFF Opruff

Léif CaraPio, léif Chef, léif Alleguer,

Wéi déi meescht warscheinlech, huet et och eis traureg gestëmmt datt de Slov’It 2020 wéinst der COVID19 Pandemie huet mussen ofgesot ginn. Déi Entscheedung war sécher net einfach mee noutwenneg fir d’Gesondheet vun eis alleguer.

Am Virfeld gouf scho villes vun enger ganzer Rei motivéierter Guiden a Scouten organiséiert. Aus dësem Grond wëlle mir gären en neien Ulaf fir de Nationale CaraPio Summercamp 2022 starten.

Iwwert dëse Link kënns du op eng Säit mat deene wichtegsten Informatiounen.

Do kanns du dech dann och direkt ënne op der Säit fir de STAFF bei eis mellen. Zéck net wann s de Froen hues. Mir freeën eis op dech.

https://carapio.lgs.lu/nationale-carapio-summercamp-2022/

Weekend de Lancement
Weekend de Lancement
17. & 18. Oktober 2020
Méi Informatiounen
Time Out
Time Out
23. Oktober 2020
Méi Informatiounen
Spiri for Kids
Spiri for Kids
25. Oktober 2020
Méi Informatiounen
Benefiziessen 2020
Benefiziessen 2020
4. Dezember 2020
Méi Informatiounen
Posten an der ONGD

D’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt sicht

e Chargé

fir Entwécklungserzéiung (m/f) Nord – Süd zu Lëtzebuerg

25 Stonnen / Woch - CDI vum 01.02.2021 un.

D’ONGD schafft am Beräich vun der internationaler Kooperatioun a méi speziell am Beräich vun enger besserer, schoulescher a berufflecher Ausbildung a Bolivien, dem Niger an dem Senegal.
Zu Lëtzebuerg, ass d’ONGD an der Entwécklungserzéiung engagéiert duerch déi si de Kanner a Jonken d‘Erausfuederungen, d‘Erfahrungen an d’Erliewe vun internationaler Solidaritéit vermëttelt an dat am Kontext vun der Aarbecht vun der ONGD mat hire Partner am Niger, am Senegal an a Bolivien.
D’ONGD gëtt an dëser Aarbecht vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) ënnerstëtzt a begleet. Si sinn e wichtege Partner bei der Virbereedung an Ausféierung vun edukativen Aktivitéiten zu verschiddenen Themen.
Erzéieresch Aktivitéiten zu den Theme vun der Entwécklungserzéiung sinn och fir Schüler a verschidden Partner Schoulen zu Lëtzebuerg ze plangen an duerchzeféieren.

Zu den Aufgabe vum Chargé gehéieren:

• D’Ausschaffen an d‘Ubidde vu Scoutsaktivitéiten zu entwécklungspézifeschen Themen mat lokale Scoutsgruppen an op nationalem Niveau
• D’Ausschaffen a d‘Leede vu Formatioune vun de Scoutcheffen
• D’Ausschaffen an d’Ëmsetze vun Aktivitéiten a Primärschoulen a Lycéeën
• Kontakt mam MAEE - Ausseministère
• D’Präsens a Virstelle vun den Aktivitéiten op méi groussen Eventer (Jugend Foiren, Scoutschefdag, asw.)
• Administrativ Bürosaarbecht

Profil:

• Bachelor am edukativen oder soziale Beräich a Beruffserfarung si vu Virdeel
• Scoutsmethod kennen an aktiv an de Scouten gewiescht ze sinn, ass wichteg
• Interessie un der Entwécklungshëllef a Kentnisser an deem Beräich si vu Virdeel
• Autonom schaffe kënnen
• Sech zoutrauen esou wuel mat Kanner ewéi Jonken oder Erwuessenen ze schaffen
• Flexibel schaffe kënnen (Weekender an Owes)
• Permis B an en eegenen Auto
• Lëtzebuergesch  schwätze kënnen ass wichteg
• Franséisch Schwätzen an Schreiwen ass si wichteg
• Computerkenntnisser (Word, Excel, Outlook, Adobe, Power Point, asw.)

Interesséiert Kandidature bis den 08.11.2020 eraschécken un :

ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt, Monsieur Roy GROTZ

5, rue Munchen-Tesch L- 2173 Luxembourg

oder un:

contact@ongd-lgs.lu

Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken