Dës Informatioune stinn och an der Chefbox (Desk > Adminbox)
Léif Cheftainen a Chef,
mam neie Covid-Gesetz vum 18. Oktober sinn nei Bestëmmunge fir d’Aktivitéite vun de Jugendorganisatiounen (also och déi vun de Guiden- a Scouten) am Kontext vun der Covid-19 Pandemie erauskomm.
Fir d’Guiden a Scouten bedeit dëst also dass elo folgend Reegele gëllen:
Aktivitéiten dobaussen (ouni CovidCheck):
- Bei Aktivitéiten, déi dobausse statt fannen, musse keng Maske gedroe ginn an et muss keng Distanz ënnertenee gehale ginn.
Aktivitéiten dobannen:
- Ouni CovidCheck:
- Wann de Grupp aus maximal 10 Leit besteet: et mussen dobanne keng Maske gedroe ginn an et muss keng Distanz ënnertenee gehale ginn.
- Wann de Grupp aus méi wéi 10 Leit besteet: et mussen dobanne Maske gedroe ginn an d’Leit mussen op d’mannst 2 Meter Distanz zueneen halen
- Mat CovidCheck:
- Et mussen dobanne keng Maske gedroe ginn an et muss keng Distanz ënnertenee gehale ginn.
Aktivitéite mat Iwwernuechtung(en):
- Aktivitéite mat Iwwernuechtung mussen als CovidCheck Evenement ugemellt ginn.
- Et mussen dobanne keng Maske gedroe ginn an et muss keng Distanz ënnertenee gehale ginn.
- Wann d’Aktivitéit méi wéi 2 Nuechten dauert, muss all Participant (Jonker a Chefs), deen net geimpft oder „geheelt“ ass, en zweete Schnelltest um drëtten Dag vun der Aktivitéit maachen. Wann ee vun dësen Tester positiv ass, muss d’Aktivitéit ofgebrach ginn.
- All Participant (respektiv d’Eltere bei Mannerjäregen) muss eng „déclaration sur l’honneur“ (Modell vum Ministère) ausfëllen an domadder bestätegen dass hien an den Deeg virun der Aktivitéit keng Covid-Symptomer hat a wëssentlech kee Kontakt mat engem positive Fall vu Covid-19 hat.
Aktivitéiten am Ausland:
- D’Reegelen a Gesetzer vum jeeweilege Land mussen agehale ginn.
CovidCheck:
Wann de CovidCheck benotzt gëtt, bedeit dat:
- Den Organisateur muss kontrolléieren dass all d’Participanten (Jonker a Chefs) iwwer 12 Joer an 2 Méint eng vun dëse 4 Konditiounen erfëllen:
- Certificat vun der Impfung
- Certificat dass „geheelt“
- Certificat vun engem negative PCR-Test
- Certificat vun engem negativen, zertifiéierten, Covid-Schnelltest, deen net méi wéi 48 Stonnen al ass
- Kanner ënner 12 Joer an 2 Méint si vun dëse Mesuren net betraff.
- Fir de CovidCheck däerfen ze benotzen, muss d’Aktivitéit heifir am Viraus bei der Direktioun vun der Santé ugemellt ginn: https://covid19.public.lu/fr/covidcheck/regime.html
- Un enger Aktivitéit mat CovidCheck däerfe maximal 2.000 Leit deelhuelen.
Schnelltester:
- D’Tester mussen ënnert der Opsiicht vum responsabele Chef gemaach ginn, deen all positivt Resultat muss bei der Santé mellen (https://covidtracing.public.lu/form/selftest).
- D’Tester mussen op enger Plaz gemaach ginn, wou d’Participante ausernee sëtzen.
- Den Educatiounsministère stellt Schnelltester zur Verfügung. Dës kënne bis spéitstens 2 Woche virun der Aktivitéit an der Géisserei ugefrot ginn.
- Méi Infoen iwwert d’Tester an dësem Video: https://portal.education.lu/edutesting/
Sanitärt Konzept:
- Fir e spéideren „Tracing“ ze vereinfachen, muss fir all Camp obligatoresch e „sanitärt Konzept“ opgestallt ginn. Heizou gehéieren – ënnert anerem – folgend Punkten:
- Wéivill Participanten huelen um Camp deel a wéi sinn dës Gruppen agedeelt?
- Wie schléift am selwechten Dortoire / Zelt?
- Wien ësst um selwechten Dësch?
Logbuch fir Visiteuren:
- Et soll eng Lëscht gefouert ginn, fir d’Leit ze identifizéieren, déi a Kontakt mat enger infizéierter Persoun waren.
Informatioun vun den Elteren:
- Den Organisateur muss d’Elteren doriwwer informéieren, dass d’Aktivitéit kann zu all Moment ofgebrach ginn (z.B. wann e Schnelltest positiv ass) an dass si an deem Fall hier Kanner musse siche kommen. De Ministère huet heifir e Modellbréif ausgeschafft.
Mir soen iech e grousse MERCI fir äert Engagement, är Flexibilitéit an äre super Asaz.
Marc WEIS an Angélique KRIER, TEAM David HECK, LGS-Dokter |