Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - November 2021

1. 25. World Scout Jamboree a Südkorea

2. Friddensliicht

3. Jugendpelee op Mauthausen (A)

4. World Thinking Day 2022

5. Newsletter ASBL

6. Adventskalennere vun der ONGD


1. 25. World Scout Jamboree

 

Léif Guiden a Scouten,

Am August 2023 ass et nees esou wäit: De Weltverband vun de Scouten invitéiert op den 25. World Scout Jamboree, organiséiert vu Südkorea.

An dëser Newsletter fannt dir all wichteg Informatiounen iwwert den Jamboree selwer a wéi dir iech provisoresch umellen kënnt, fir dësen eemolege Camp zesumme mam Lëtzebuerger Contingent z'erliewen.

Newsletter 1 Jamboree LU

Weider Informatiounen fannt dir och op: www.2023wsjkorea.org

[FR]

Une nouvelle aventure vous attend pour l'été 2023 : l'Organisation mondiale du
mouvement scout vous invite au 25e Jamboree Scout Mondial, organisé par la Corée
du Sud.

Dans cette lettre d'information, vous trouverez toutes les informations importantes sur le Jamboree lui-même et où vous pouvez vous inscrire provisoirement pour vivre ce camp unique avec le contingent luxembourgeois

Newsletter 1 Jamboree FR

Plus d'Info aussi sur: www.2023wsjkorea.org


2. Friddensliicht

Dëst Joer fënnt d'Friddensliichtsverdeelung Samschdes, den 18. Dezember 2021 op 3 verschiddene Plazen am Land statt. Detailer vum Oflaf an de Bestellziedel fir d'Käerzen kommen no.

Flyer Friddensliicht

3. Jugendpelee op Mauthausen (A) 

 

D'Lëtzebuerger Amicale Mauthausen organiséiert, an Zesummenaarbecht mat dem Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an  dem Lycée de Garçons vun Esch-Uelzecht e Jugendpelee an déi fréier Konzentratiounslager Mauthausen, Ebensee, Gusen, Hartheim a Steyr (Éisterräich) vum Mëttwoch, 11. Mee bis e Méindeg, 16. Mee 2022.

 

Flyer Jugendpelee

4. World Thinking Day 2022

 

Et ass rëm sou wäit, den 22ten Februar feiere mir mat de Guiden a Scoute weltwäit de Gebuertsdag vum Olave a vum Robert Baden Powell. Dëst ass eng Traditioun, déi säit 1932 existéiert an du kanns hëllefen se weiderzeféieren!

Thema vum World Thinking Day 2022 ass Eis Welt, eis Zukunft! An et geet ënner anerem ëm Themaen, wéi Nohaltegkeet a Gläichberechtegung.

Dëst Joer organiséiere mir dofir en Event bei dem mir eis alleguerte kënnen erëmgesinn an zesummen dem Olave an den BP säi Gebuertsdag feieren! Dofir wäerte wärend engem ganzen Dag flott Atelieren, Spiller, an Aktivitéite ronderëm Thema vum World thinking Day ugebueden ginn.

Jiddereen, dee bei deenen eenzelen Ateliere matmécht, kann sech dann och de Badge verdéngen, deen alljoers nei fir de World Thinking Day erauskënnt.

Wéini: Samschdeg, den 26ten Februar

Fir wien: All Branche vu Biber bis Raro sinn op dësem Dag wëllkomm!

Umeldung: Umellen kann ee sech bis spéitstens den 15ten Dezember. No der Umeldung kritt dir dann nach weider Infoen iwwert Plaz an den Oflaf.

Heirënner kanns du dech umellen, w.e.g all Branche eenzel umellen, och wann dir zu méi Branchen aus dem nämmlechte Grupp kommt.

Umeldung World Thinking Day

5. Newsletter vun der Asbl

 

Déi 3. Newsletter vum Joer 2021 vun der a.s.b.l. vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

Newsletter kucken

6. Adventskalenner iwwer Kannerrechter

 

Adventskalenner vun der ONGD fir d’Biber, Wëllefcher an Avex.

D'ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt schenkt en Adventskalenner iwwer d'Kannerrechter fir all Guiden a Scouten ënner 14 Joer, déi et wëllen.

Dëse Kalenner ass geduecht, fir all Biber, Wëllefcher an Avex, fir datt si sech iwwer d'Kannerrechter bewosst ginn.

All Gruppecheffe sollen sech beim Viktoria esou séier wéi Méiglech mat der gewënschter Unzuel mellen, esou datt d'Kalennere fir de Samschdeg 27.11 prett si!

Bestellung Kalenneren

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken