Léif Cheftaine, léiwe Chef,
D’ONG Guiden a Scouten bitt all Biber, Wëllefcher an Avex vun den LGS en Adventskalenner iwwer d'Kannerrechter un.
D'Aktioun ass am Kader vun eisem Sensibiliséierungsprojet a gëtt kofinanzéiert vum Ausseministère.
D'ONGD mengt, datt et wichteg ass, datt all Kand sech bewosst ass, datt et Rechter huet an datt all Kand déi selwecht Rechter hunn.
Dëse Kalenner ass och eng Geleeënheet, fir datt mat de Kanner an enger vun äre Versammlunge wärend der Adventszäit ze diskutéieren. Gitt Beispiller un, proposéiert Spiller. Mir froen all Chef/taine fir eng kleng Introduktioun ze maachen, éier een de Kanner de Kalenner gëtt.
Op der viischter Säit huet de Kalenner 24 kleng Fënsteren, an all Fënster kann een ee vun de Kannerrechter kucken.
Op der Récksäit gëtt et eng Erklärung vun der Aktioun an Internetsäiten, wou d'Kanner an hir Elteren Informatiounen (a verschidde Sproochen) fannen, fir d'Diskussioun mat der Famill iwwer d'Rechter kënnen ze verdéiwen.
Et sinn nach ëmmer Kalenneren do!
Mir froen dech d'Commandë fir däi Grupp sou séier wéi Méiglech ze maachen an dir wäert d'Kalenneren ab dem 26/11 an der Géisserei kënnen ofhuelen.
Mir wënschen dir/iech vill Freed wärend der Adventszäit!
Viktoria vun der ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt |