Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Dezember 2021

1. Invitatioun LGS-Neijoerschpatt 2022

2. Congé annuel Verbandssekretariat

3. LGS Assurancen

4. Rappel Memberfichier

5. 1€ fir den Niger

6. Friddensliicht 2021

7. Esch 2022

8. E Volontariat a Georgien?

9. Formatioun - E Weekend fir "wëll" Cheffen

10. Formatioun - Out-Door Kichen


1. Invitatioun LGS-Neijoerschpatt 2022

 

NEIJOERSCHPATT 2022

7. Januar 2022

Heimat invitéieren de Verband vun den

LGS, d'Fondatioun, d'ASBL an d'ONGD 

op hiren Neijoerschpatt e Freideg, de 7. Januar 2022 op Neihaischen

Umeldung bis spéitstens 05. Januar 2022 op neijoerschpatt@lgs.lu

 

Klick op d'Bild

Invitatioun Neijoerschpatt

2. Congé annuel Verbandssekretariat 

Mir wëllen iech informéieren, datt d'Büroe vun der Géisserei vum

24. Dezember 2021 bis den 02. Januar 2022 zou sinn.

Vum 03. Januar un si mir, wéi gewinnt fir iech do.

D'Ekipp aus der Géisserei wënscht iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer.


3. LGS Assurancen
 
LGS Casco
All Member, dee reegelméisseg een Auto bei Aktivitéite vum Grupp oder dem Verband benotzt, kann d’LGS-CASCO kréien. D'Leit déi eng Casco fir 2022 wëllen ofschléissen, sollen 10€ op den  Kont BILLLULL LU96 0029 0100 0002 3100 mam Vermierk " Casco + Numm + Numm vu Grupp" iwwerweisen. Déi 10€ sollen normalerweis ëmmer bis den 31. Dezember iwwerwise ginn. Méi Informatiounen...
 
Assurance accidents
D'Assurance accidents ass eng Zousazversécherung fir déi Memberen, déi net méi an d'Schoul ginn (Léier maachen oder schaffe ginn) an net als Chef/taine ugemellt sinn, dat heescht fir RaRo, CaraPio, déi eng Léier maachen a fir Albatossen a Mataarbechter. Fir d'CaraPio a RaRo iwwerhëlt de Verband déi 10€, si mussen awer ugemellt ginn.
Fir Albatrossen a Mataarbechter ass dës Assurance net obligatoresch. Wann een dovu wëll profitéieren, muss den Admin vum Memberfichier dat am Memberfichier ënner "Lëschte/Assurance accidents 2022 androen. Wann am Grupp Leit d’AA bezuelen, gëtt dat mat der Kotisatioun facturéiert. Méi Informatiounen...
LGS Assurancen

4. Rappel Membersfichier
 
De Memberfichier soll all Joers bis Mëtt Dezember à jour gesat ginn. Dobäi muss ee verschidde Saache kontrolléieren:
  • nei Membere mat Funktioun dobäi setzen
  • Funktioune bei all Memberen aktualiséieren
  • De Betrag vun der Kotisatioun bei all Memberen kontrolléieren
  • D’Assurance accidents bei de betreffend Persounen androen (méi Infotmatiounen...)
  • Bei Besoin de Platte Knuet ofbestellen 

Wann de Grupp d’Memberbäiträg bestätegt, kann d’Verbandssekretariat am Januar d’Rechnung fir d’Kotisatiounen ausstellen. Wann am Grupp Leit d’AA bezuelen, gëtt dat mat der Kotisatioun facturéiert.

Fir datt de Memberfichier ëmmer à jour ass, kënnen d'Branchechef/tainen en Accès mat Liesrecht kréien. Dofir muss de Formulaire "Ufro fir en Accès" ausgefëllt ginn an un sekretariat@lgs.lu per Mail oder per Post geschéckt ginn.

Méi Info zum Memberfichier fënns du ënner Chefbox/Desk/Memberfichier.


5. 1€ fir den Niger
 
D'LGS-Aktioun « 1 EURO fir de Niger » geet natirlech och am neie Guide-Scoutsjoer weider.
All gesammelt Donen kommen ouni Emwëeer de Scouts du Niger fir Formatioun a Fonctionnement zegudd.
D’Sue ginn zesumme mat de Kotisatioune vum Grupp iwwerwissen.
Weider Informatiounen: sekretariat@lgs.lu
Klick op d'Bild
Flyer 1€ fir den Niger

6. Friddensliicht 2021
 
Flyer Friddensliicht
Umeldung

7. Esch 2022
 
De SIL ass gefrot ginn vun der Coordinatrice Générale vun Esch 2022, dem Nancy Braun, fir si bei der Ouverture vum Kulturjoer z'ënnerstëtzen. 
 
D’Ouverture ass Samschdeg den 26. Februar zu Esch an Ëmgéigend. D’Konzept vun der Ouverture gëtt vun enger Berliner Agence ( https://battleroyal.berlin/ ) ausgeschafft a coordinéiert. Et soll e partizipative Projet ginn. Si brauchen am Ganzen 1000 Benevoler an hunn där bis elo 500. 
 
Dovir proposéiert Battle Royal fir all intresséierten ab 18 Joer 2 Zoom - Call’en wou Informatiounen an Tâchen erklärt ginn.
Hei de Link zu dem Site fir d'Ouverture:
 
Hei och de Link zu der "Remixer" Plattform:
 
An hei d’Horairen fir de ZoomCall mat BattleRoyal
Dec 10th: 18:30 (Luxemburgish / German)
Dec 11th: 11:00 (French/English)
 
Umelle kënnt dir iech per Email u pr@lgs.lu, mir schécken iech de Link vum Zoom Call zou, soubal mir dëse vun den Organisateure kréien.

8. E Volontariat a Georgien?

 

 

 

Den International Scout Centre Rustavi https://iscr.ge sicht een oder zwee Volontaire vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, dëst fir ze hëllefen e neie Jugend- a Scoutsprogramm fir de Site zu Manglisi auszeschaffen, ze testen an unzebidden. 

Konditiounen

Alter: tëschent 18 a 35 Joer, RaRo oder Chef bei den LGS.

Sprochen: Englesch schwätzen a schreiwe kënnen (et muss ee kee Profi sinn, sech awer kënne verstännegen a weiderhëllefen).

Dauer: Minimum 6 Wochen - Maximum 3 Méint - wat méi laang, wat besser, dat wat fir dech méiglech ass. Dat ganzt am Fréijoer a Summer 2022.

Du kriss: interkulturell Erfahrungen (mat Georgier, awer och mat anere Volontairen aus der Welt), nei Frëndschaften, eng onvergiesslech Zäit, nei Kompetenzen, Logement a Verfleegung.

Du gëss: 6 Woche bis 3 Méint vun denger Zäit, du hëllefs Programm am Beräich Nohaltegkeet an Ëmwelt auszeschaffen an unzebidden.

Umellung: Eng E-Mail maache mat der Beschreiwung zu denger Persoun (virun allem wat du an den LGS esou gemaach huet), eng rezent Foto an kuerz deng Motivatioun beschreiwen. Ausserdeem net vergiessen, eng Telefonsnummer an deng E-Mail Adress unzeginn an den Zäitraum, dee fir dech méiglech ass fir a Georgien däi Volontariat ze maachen.

Mir huelen op alle Fall Kontakt mat dir op. Wann s du zeréckbehale gëss wäert och ee Video Call mam Responsable vum Volontariat a Georgien organiséiert sinn fir weider Detailer a Froen ze klären.

 

Deng Applicatioun an oder Froen w.e.g. e-mailen un de Claude op scouten@frantzen.lu

 

Deadline fir Interessi zemëllen ass den 31 Januar 2022 – mee wat éischter wat besser ;-) 

Info Volontariat a Georgien

9. Formatioun - E Weekend fir "wëll" Cheffen
 
Klick op d'Bild
Umeldung

10. Formatioun - Out-Door Kichen
 
Klick op d'Bild
Umeldung
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken