Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Corona Update - 17.12.2021

Dës Informatioune stinn och an der Chefbox (Desk > Adminbox)

Mam neie Covid-Gesetz gëllen ab dem 18. Dezember nei Bestëmmunge fir d’Aktivitéite vun de Jugendorganisatiounen (also och vun de Guiden- a Scoutscampen) am Kontext vun der Covid-19 Pandemie.

Fir d’Guiden a Scouten bedeit dëst also dass elo folgend Reegele gëllen:

Aktivitéiten dobaussen:

  • Bei Aktivitéiten, déi dobausse statt fannen, musse keng Maske gedroe ginn an et muss keng Distanz ënnertenee gehale ginn.

Aktivitéiten dobannen:

  • Bei Aktivitéiten bis 10 Leit gëlle kéng spezifesch Restriktiounen
  • Bei Aktivitéiten ab 11 Participanten gëllen ënnerschiddlech Reegelen jee nom Alter vum Participant:
    • Bis 12 Joer an 2 Méint geet et keng Testpflicht/ Impfpflicht
    • Tëscht 12-18 Joer (inclus): 3G (Geimpft/ Genesen/ zertifiéierte Schnelltest oder PCR-Test)

Den 3 G-Certificat muss wärend der gesamter Dauer vun der Aktivitéit, Weekend oder Camp gülteg sinn. Wann de Certificat ofgelaf ass muss de Participant d‘Aktivitéit verloossen, respektiv dir musst een neien zertifieierte Schnelltest oder PCR-Test mam Participant maachen.

    • Ab 19 Joer gëllt den 2 G CovidCheck (Geimpft/Genesen)

Sanitärt Konzept fir Aktivitéiten mat Iwwernuechtung:

  • Fir e spéideren „Tracing“ ze vereinfachen, muss fir all Camp/Weekend  obligatoresch e „sanitärt Konzept“ opgestallt ginn. Heizou gehéieren – ënnert anerem – folgend Punkten :
    • Wéivill Participanten huelen um Camp deel a wéi sinn dës Gruppen agedeelt ?
    • Wie schléift am selwechten Dortoire / Zelt ?
    • Wien ësst um selwechten Dësch ?

Aktivitéiten am Ausland:

Dës Reegele gëlle fir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg. Wann dir eng Aktivitéit am Ausland geplangt hutt musst dir Iech un déi gëlteg Reegelen an dem Land halen.

CovidCheck: 

Wann de CovidCheck benotzt gëttbedeit dat:

  • Den Organisateur muss kontrolléieren dass all d’Participanten (Jonker a Chefs) iwwer 12 Joer an 2 Méint eng vun dëse 4 Konditiounen erfëllen:
    • Certificat vun der Impfung
    • Certificat dass „geheelt“
    • Certificat vun engem negative PCR-Test
    • Certificat vun engem negativen, zertifiéierten, Covid-Schnelltest, deen net méi wéi 48 Stonnen al ass
  • Kanner ënner 12 Joer an 2 Méint si vun dëse Mesuren net betraff.
  • Fir de CovidCheck däerfen ze benotzen, muss d’Aktivitéit heifir am Viraus bei der Direktioun vun der Santé ugemellt ginn: https://covid19.public.lu/fr/covidcheck/regime.html
  • Un enger Aktivitéit mat CovidCheck däerfe maximal 2.000 Leit deelhuelen.

 

Mir soen iech e grousse MERCI fir äert Engagement, är Flexibilitéit an äre super Asaz.

Marc WEIS an Angélique KRIER, TEAM

David HECK, LGS-Dokter

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken