Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Corona Update - 26.12.2021

Dës Informatioune stinn och an der Chefbox (Desk > Adminbox)

Léif Cheftainen a Chef,
 
Wéi dir wësst, gouf d’Covid-Gesetz elo nees kuerzfristeg geännert an dat huet och Auswierkungen op d’Guiden- a Scoutsaktivitéiten.
An dësem Dokument fannt dir eng Iwwersiicht iwwert d’Reegelen, déi säit dem 25. Dezember fir eis Aktivitéite gëllen. Hei alt déi wichtegst Neierungen am Resumé :
 
  • Et gëtt keen Ënnerscheed méi gemaach tëschent Aktivitéite mat bis zu 10 Leit an Aktivitéite mat 11 Leit oder méi. D’Reegele sinn déi selwecht, egal wéivill Leit un der Aktiviéit deelhuelen (Aktivitéite mat méi wéi 200 Leit si grondsätzlech net erlaabt).
 
  • Bei Aktivitéite mat Iwwernuechtung (Weekend a Camp) ass elo fir Participante vu méi wéi 12 Joer an 2 Méint de CovidCheck mat der 2G+ Reegel obligatoresch. Also geimpft oder geheelt a jidderee muss e Schnelltest um Ufank vun der Aktivitéit maachen (ausser Leit mat Booster-Impfung).
 
Mir soen iech weiderhi Merci fir ären Asaz a wënschen iech nach schéi Feierdeeg,
 
Dr David Heck
Angélique Krier a Marc Weis (Team)
Metti Schmit (Chargé de Direction)
Reegelen COVID-19 Aktivitéiten
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken