Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Januar 2022

1. Kanudag

2. Congé Jeunesse

3. Administrativen Dag

4. Umeldung 25th World Scout Jamboree

5. Weekend zu Orval - EAS

6. Formatioun zum Thema Matbestëmmung

7. Into the Wild - Aféierung an de Coyote Teaching


1. Kanudag

 

Dëst Joer steet de Kanudag ënnert dem Thema Method. D'Branchenekippen erklären an Atelieren moies an/oder mëttes, wat et Neies gëtt. Dat Ganzt ass opgedeelt op ee Weekend, wou d'Biber Ekipp, d'Wëllefchersekipp, d'Avex Ekipp an d'RaRo Ekipp hir Atelieren ubidden:
 
26. Mäerz
09:00-12:00 Avex
14:00-17:00 RaRo
Umeldung 26. Mäerz 2022
27. Mäerz
09:00-12:00 Wëllefcher
14:00-17:00 Biber
Umeldung 27. Mäerz 2022

2. Congé Jeunesse

Eng nei Saison mat vill Guiden- a Scoutsaktivitéite steet virun der Dier. Mir hoffen, datt déi geplangt Weekender a Campen esou normal wéi méiglech kënne stattfannen.

Wéi d'Jore virdru kënnen d'Chef/tainen a Mataarbechter vum Congé Jeunesse profitéieren. Hei fannt dir puer wichteg Informatiounen dozou.

Wie kann de Congé jeunesse kréien?

De Congé Jeunesse ka jiddereen ufroen, deen als Member ugemellt ass a schaffe geet.
D'Formulairë sinn um LGS-Site ze fannen: chefbox/desk/conge-jeunesse.

De Congé Jeunesse kann ee fir d’Participatioun oder Organisatioun vun LGS-Formatiounen oder fir d’Organisatioun vu Guiden- a Scoutscampen ufroen. 
Et soll een oppassen, datt een de richtege Formulaire hëlt. Et gëtt ee Formulaire fir STAFF-Membere vun engem Camp oder Formatioun an et gëtt ee Formulaire fir d’Participante vun enger Formatioun.

Fir d'Demarchen ze vereinfachen, kënnt dir är Demanden um LGS-Site eroplueden a musst dir si net méi per Post schécken (wat awer och méiglech ass). Hei kënnt dir d'Demande eroplueden: chefbox/desk/conge-jeunesse

Weider Informatiounen zum Congé Jeunesse fannt dir an der Adminbox am Admin.doc oder dir kënnt eng Mail op sekretariat@lgs.lu schécken.

Upload Demande

3. Administrativen Dag
 
Weess du wéi eng Assurancen de Verband huet?
Weess du wéi ee bei engem Fall vum Abus reagéiere soll?
Weess du wéi s du déi richteg Formulairë fënns?
Weess du wéi de Verband opgebaut ass?
 
Dat sinn nëmme puer Froen, déi um Administrativen Dag behandelt ginn.
Den Administrativen Dag ass en Deel vun der Grupechefformatioun, mee all interesséiert Chef/tainë kënnen deelhuelen. Fir d'Formatioun, wann een net am Kader vun der GC-Formatioun mécht, kann een 2 Paddele kréien.
 
Wann s du interesséiert bass, mell dech un, et sinn nach puer Plaze fräi.
 
Datum: 29. Januar 2022, 9:00-17:00
Plaz: Neihaischen Chalet Nic. Rollinger
Matzebréngen sinn: en Handy, Bick an eventuell e Laptop, Tablett
Umeldung Admin.-Dag

4. 25th World Scout Jamboree a Korea - Umeldung
 

[LU]

Am August 2023 ass et nees esou wäit: De Weltverband vun de Scouten invitéiert op den 25. World Scout Jamboree, organiséiert vun Südkorea.

An dëser 2ter Newsletter fannt dir alleguerten Informatiounen wéi dir iech kënnt definitiv umellen, fir mam Lëtzebuerger Contingent eng flott Zäit um Jamboree a Südkorea ze verbréngen.

Newsletter_2_LU (1)

Méi Infoen fannt dir och op: wsj2023.sil.lu

[FR]

Une nouvelle aventure vous attend pour l`été 2023 : l’Organisation mondiale du
mouvement scout vous invite au 25e Jamboree Scout Mondial, organisé par la Corée
du Sud.

Dans cette 2ième Newsletter vous pouvez trouver toutes les informations pour l'inscription définitive pour vivre ce camp unique avec le contingent luxembourgeois

Newsletter_2_FR

Plus d'infos aussi sur: wsj2023.sil.lu


5. Weekend zu Orval - EAS
 
 
No deene positiven Erfarunge vun deene leschte Joren organiséiere mir erëm vum 19-20.Mäerz 2022  e Weekend am Trappisteklouschter zu Orval.
 
 
Klick op d'Bild
Umeldung WE Orval
Flyer WE Orval eroflueden

6. Formatioun Matbestëmmung
 

Wat ass Participatioun eigentlech? 

Wéi kann d'Matbëstemmung vu Kanner a Jonken de Grupp beräicheren? 

Wat fir eng Haltung brauch ech fir participativ schaffen ze kënnen? 

Wat fir Methode kënne Matbestëmmung och scho bei deene ganz Jonke fërderen? 

Bass du der Meenung, datt d'Jugendlecher a Kanner sollen am Grupp matschwätzen, matgestalten a matbestëmmen? Da mell dech un a komm laanscht! 

Zesumme wëlle mir eis zu dëse Froen an Themae Gedanke maachen, diskutéieren a Methoden auszeschaffen, déi een direkt am Grupp ëmsetze kann. 

FIR DËS FORMATIOUN KRITT EEN 2 PADDELEN. 

Klick op d'Bild

Umeldung Form. Matbestëmmung
Flyer Form. Metbestëmmung eroflueden

7. Into the Wild - Aféierung an de Coyote Teaching
 
 
E WE fir "wëll" Cheffen
 
Bei allen Naturvëlker gouf et eng Aart a Weis vum Léieren, déi bei den Urawunner aus Nordamerika „Coyote Teaching“ genannt gouf. D’Natur selwer gëtt zum groussen Deel d’Äntwerten op d’Froen. Duerch verschidden Technike léiert ee sech heirop anzeloossen.
Dir hutt d'Méiglechkeet iech wärend engem verlängerte Weekend ganz aktiv, praktesch a geeschteg mat de Begrëffer „Coyote Teaching“, „Naturspiritualitéit“ an och dem „Scoutissem“ auserneen ze setzen.
 
Hutt dir Loscht op esou ee „wëllen a spirituelle“ Weekend, dann mellt iech schnell un! 
 
D'Platze sinn op 15 Participante limitéiert. 
Präis: 80 €
Dartum: 22.-24. Abrëll 2022
Plaz: Neihaischen Keltenhaus
Leedung: Cathy Kirsch an Tom Lahr
 
Klick op d'Bild
 

Umeldung Coyote Teaching
Flyer Coyote Teaching eroflueden

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken