Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS - Biber - Newsletter
BiberMud 2022

De BiberMud 2022 steet virun der Dier: de 14. Mee 2022 um Neihaischen.

No enger erfollegräicher Corona-Versioun 2021 hoffe mer, dass mer de BiberMud dëst Joer erëm ënnert der Form vun enger Kiermes kennen ofhalen.

All d'Informatiounen fannt der a folgendem Bréif:

Infobreif BiberMud22

Umelle kënnt der iech, andeems der op de folgende Knäppchen dréckt an de Formulaire ausfëllt.

Umeldung BiberMud
Kanu-Methodendag

Nodeems laang un der neier Method geschafft gouf, ka se dëst Joer endlech présentéiert ginn. 

Dëst wäert fir all d'Branchen op engem gemeinsame "Kanu-Dag" geschéien.

 

D'Biber-Method gëtt Sonndes, den 27. Mäerz 2022, am Nomëtteg fiergestallt an erkläert. 

 

Vue dass eis Method komplett erneiert gouf, ass dëse Methodendag fir all Bibercheftaine an all Biberchef interessant. Dofir hoffe mir, deen Dag vill Bibercheftainen a Bibercheffen um Neihaischen begréissen ze kënnen.

Umelde kënnt der iech wéi gewinnt iwwert de Formatiounskatalog an der Chefbox.

Umeldung Methodendag
STIP

Zum Schluss vun der Ouschtervakanz fënnt dëss Joer och erëm eise STIP statt.

 

Wéini: 13.-16. Abrëll 2022

Wou:   Diddeleng

Umelde kënnt der iech wéi gewinnt iwwert de Formatiounskatalog an der Chefbox.

Umeldung STIP Biber

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss
Är Biberekipp

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken