Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Februar 2022

1. Congé Jeunesse

2. Formatioun - FAQ Naturschutzgesetz

3. Formatioun - Wat soen ech...?

4. Invitatioun Scoutsresistenzdag

5. Ee Patt beim Pit - EAS

6. WE zu Orval - EAS

7. Outdoor-Weekend am Mëllerdall

8. Formatioun - Coyote Teaching

9. Formatioun - Mobile Niddreg Seelgaart

9. Formatioun - Outdoor-Kichen


1. Congé Jeunesse

Eng nei Saison mat vill Guiden- a Scoutsaktivitéite steet virun der Dier. Mir hoffen, datt déi geplangt Weekender a Campen esou normal wéi méiglech kënne stattfannen.

Wéi d'Jore virdru kënnen d'Chef/tainen a Mataarbechter vum Congé Jeunesse profitéieren. Hei fannt dir puer wichteg Informatiounen dozou.

Wie kann de Congé jeunesse kréien?

De Congé Jeunesse ka jiddereen ufroen, deen als Member ugemellt ass a schaffe geet.
D'Formulairë sinn um LGS-Site ze fannen: chefbox/desk/conge-jeunesse.

De Congé Jeunesse kann ee fir d’Participatioun oder Organisatioun vun LGS-Formatiounen oder fir d’Organisatioun vu Guiden- a Scoutscampen ufroen. 
Et soll een oppassen, datt een de richtege Formulaire hëlt. Et gëtt ee Formulaire fir STAFF-Membere vun engem Camp oder Formatioun an et gëtt ee Formulaire fir d’Participante vun enger Formatioun.

Fir d'Demarchen ze vereinfachen, kënnt dir är Demanden um LGS-Site eroplueden a musst dir si net méi per Post schécken (wat awer och méiglech ass). Hei kënnt dir d'Demande eroplueden: chefbox/desk/conge-jeunesse

Weider Informatiounen zum Congé Jeunesse fannt dir an der Adminbox am Admin.doc oder dir kënnt eng Mail op sekretariat@lgs.lu schécken.

Info Congé Jeunesse

2. Formatioun - FAQ Naturschutzgesetz

Méindeg, de 14.3.2022 um 19h00 um Neihaischen

Präsenz oder online

Umeldung: Chefbox/Formatiounsportal

Am leschte Joer huet den Ëmweltministère zesumme mam SIL (Scouting in Luxemburg) an aneren Acteuren en Dokument zu de Froe  ronderëm d‘Naturschutzgesetz erstallt. Dëst Dokument „FAQ fir ëmweltpädagogesch Gruppenaktivitéiten an der Natur“ass a wichtegt Aarbechtsinstrument fir all Cheffen.

D’Madame Carmen Weisgerber vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable stellt eis dëst Dokument vir.

 

D’Inhalter vun der Formatioun sinn:

  • Virstellung an Erklärungen zum Dokument „FAQ fir ëmweltpädagogesch Gruppenaktivitéiten an der Natur.
  • Wéi schaffen ech mam Geoportail?, engem interessanten Tool fir Cheffen.

Klick op d'Bild

Umeldung fir d'Formatioun Naturschutzgesetz

3. Formatioun - Wat soen ech, wann e Kand rassistesch, homophob, muslim- oder juddefeindlech Aussoe mécht?
 

Samschdeg, de 07.05.2022 vun 09:00-13:00 Auer um Neihaischen

Des Formatioun riicht sech un all interesséiert Chef/tainen a gëtt a Kooperatioun mam Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) ugebueden.

Weider Informatiounen an d'Umeldung zur Formatioun fannt dir an der  Chefbox/Formatiounsportal.

Bei Froe kennt fir iech gäre bei mir mellen ënnert: liz.feinen@lgs.lu

Klick op d'Bild

Umeldung fir d'Formatioun

4. Invitatioun - Scoutsresistenzdag
 
 

De Comité vun de "Lëtzebuerger Scouten an der Resistenz 1940-1945" invitéiert Iech op de Scoutsrezistenzdag 

e Sonndeg, de 6. Mäerz 2022.

 

Klick op d'Bild


5. Ee Patt beim Pit
 
 

Am Kader vum synodale Wee vun der Kierch bidde mir als EAS en Diskussiounsowend mam Thema "Relioun a Kierch, deng Meenung zielt" un.

10. Mäerz 2022 19:00 - 21:00 Auer

 
Klick op d'Bild
Umeldung Ee Patt beim Pit

6. Weekend zu Orval - EAS
 
 
No deene positiven Erfarunge vun deene leschte Joren organiséiere mir erëm vum 19-20.Mäerz 2022  e Weekend am Trappisteklouschter zu Orval. et sinn nach Plaze fräi!
 
 
 
Klick op d'Bild
Umeldung WE Orval

7. Outdoor-Weekend am Mëllerdall
 
 
Datum: 17.-19. Juni 2022
 
Mir entdecken zesummen d‘Regioun vum Mëllerdall a weisen iech wat een hei alles Guide/Scoutsgruppe kann erliewen.
 
Programm:
  • Eng Visite guidée vum Aquatower zu Berdorf mat uschléissender Vue op de Sonnenënnergang
  • Eng Wanderung duerch den Natur- a Geopark Mëllerdall mat sengen Highlights an Erklärungen zur Entstehung vun der Landschaft a Regioun
  • Eng Kayaktour iwwer d'Sauer
 
 
Klick op d'Bild
 
Umeldung Outdoor-Weekend

8. Into the Wild - Aféierung an de Coyote Teaching
 
Datum: 22.-24. Abrëll 2022
 
E WE fir "wëll" Cheffen
 
Bei allen Naturvëlker gouf et eng Aart a Weis vum Léieren, déi bei den Urawunner aus Nordamerika „Coyote Teaching“ genannt gouf. D’Natur selwer gëtt zum groussen Deel d’Äntwerten op d’Froen. Duerch verschidden Technike léiert ee sech heirop anzeloossen.
Dir hutt d'Méiglechkeet iech wärend engem verlängerte Weekend ganz aktiv, praktesch a geeschteg mat de Begrëffer „Coyote Teaching“, „Naturspiritualitéit“ an och dem „Scoutissem“ auserneen ze setzen.
 
Hutt dir Loscht op esou ee „wëllen a spirituelle“ Weekend, dann mellt iech schnell un! 
 
 
Klick op d'Bild
 
Umeldung Coyote Teaching

9. Formatioun - Mobile Niddreg Seelgaart
 
Datum: 17.-19. Juni 2022
 
Hei léiers du wéi s du mam Klammmaterial vun den LGS e mobile Seelgaart
kanns opriichten an d’Material duerno fir däi Grupp kanns ausléinen.
D’Material bitt dir d’Méiglechkeet souwuel e Slackline-Parcours opzeriichten,
wéi och mat Monkey-Trees an de Beem ze klammen. Wanns
du dës flott Geleeënheet wëlls notze fir de Jonken a Kanner e spannend
a flott Erliefnis z’erméiglechen, da mell dech schnell un
 
 
Klick op d'Bild
 

Umeldung Niddreg Seelgaart

10. Formatioun - Outdoor-Kichen
 
Datum: 17.-19. Juni 2022
 
Grillen kann jidfereen, mee wousst du, dass een um Lagerfeier backen an am Glas oder Glous kache kann.Dir léiert och de praktesche Gebrauch, Pfleg a Lagerung vun Dutch Oven an aaner Out-DoorKichematerialien kennen. Zesummen mam Markus Stickling, engem internationale Fachmann, entdeckt dir déi kulinaresch Vielfalt déi um Lagerfeier méiglech ass.
 
 
 
Klick op d'Bild
 
Umeldung Outdoor-Kichen

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken