Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS #StandWithUkraine

Déi ukrainesch Guiden a Scoute brauchen dréngend Ënnerstëtzung fir mat all humanitären Efforten um Terrain ze hëllefen. De Guidissem a Scoutissem huet eng laang Geschicht fir Fridden, Dialog, Mënscherechter a Kannerechter ze fërderen. Dëst besonnech a Beräicher wou Konflikter entstinn. 

1. #StandWithUkraine Badge

Dofir lancéieren d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS), de #StandWithUkraine Badge. 

Dëse kascht 5€, an de ganzen Erléis geet als Don un déi zwee Guiden- a Scoutsverbänn, WOSM a WAGGGS. Déi zwee Weltverbänn ënnerstëtzen d’Guiden a Scouten an der Ukrain an an de Nopeschlänner mat all humanitärer Hëllef déi si de Moment brauchen.

Wa méiglech sollen d’Gruppen eng gemeinsam Bestellung maachen. Awer och eenzel Guiden a Scoute, Frënn, Famill, asw. kënnen eng Bestellung maachen an esou dës Aktioun ënnerstëtzen. 

Fëllt dofir w.e.g. de Formulaire hei ënnen drënner aus. D’Bestellunge lafe bis den 11. Mäerz.

Weider Informatiounen & Badge bestellen
2. Wéi kënnt dir nach hëllefen?​

Op Demande vum Verbandscomité huet d'International Ekipp vun den LGS e ganze Koup Informatiounen zesummegestallt.

Hei fannt dir Informatioune wéi dir als Grupp oder Individuell d’Leit an der Ukrain ënnerstëtze kennt.

Weider Informatiounen

Dir hutt soss nach Froen zu dem Thema? Dann mellt iech bei: ukraine@lgs.lu

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken