Léif Gruppechftaine, léiwe Gruppechef,
D’kathoulesch Kierch lancéiert eng Ëmfro, an där se wëll wëssen, wéi d’Leit am allgemengen zu der Kierch stinn. Et geet de Responsabelen drëms, erauszefannen, wat d’Zukunft vun der Kierch ass a wéi se sech muss änneren.
Als gréisste Jugendmouvement hu mir als LGS decidéiert eise Memberen och d’Méiglechkeet ze ginn hei matzemaachen. Jidderee kann a soll seng Meenung soen!
Et ass eis allgemeng wichteg, dass an esou Prozesser d’Stëmm vun de Jonken net vernoléissegt gëtt. Gitt duerfir dëse Froebou u jiddereen aus ärem Grupp weider, deen seng Meenung wëll soen.
Mir soen iech elo scho Merci!
Mat beschte Guiden a Scoutsgréiss,
Marc Weis & Angélique Krier, Commissaires généraux
Georges Faber, Commissaires fir Spiritualitéit
|