8. Esch 2022: Sief mat dobäi!
2022 ass Esch, respektiv d’Südgemenge vum Land jo d’Europäesch Kulturhaaptstad.
D’LGS hunn d’Chance kënnen Deel vum offizielle Programm ze sinn. Mir si vum 2. bis de 6. Abrëll op der Brillplaz (Place de la Résistence) mat engem klenge Modell-Camp a bidden Ateliere fir Kanner a Jonker un.
Mir riichten hei e puer Zelter a Konstruktiounen op an hunn och eng Feierplaz. Als Aktivitéite maache mir ënnert anerem:
- Stackbrout
- e Kimspill
- Holzscheiwe brennen
- mat Bléiëfarwe molen
- mat Specksteen schaffen
- maache Geschécklechkeetsspiller an an an …
Samschdeg a Sonndeg këmmeren sech déi Escher LGS Gruppen ëm Gedrénks an Iessen op der Plaz vun 11 :00 Auer un.
Staff
Et ass esou wäit alles organiséiert, mee elo brauche mir nach Staffleit, déi dës Ateliere begleeden a leeden (Sa./So. vun 11:00 – 18:00 a Méi./Dën./Mët. vu 14:00 – 18:00). Et geet duer, wann s de eng hallef Stonn am Viraus do bass, du kriss dann deng genee Charge op der Plaz zougeuerdnet.
Bass du interesséiert hei matzehëllefen, da fëll w.e.g. folgende Forms aus, hei kanns du och nach aner Iddien oder Bemierkunge schreiwen.