FAQ fir ëmweltpedagogesch Gruppenaktivitéiten an der Natur
Léif Cheftaine, léiwe Chef,
D'Liewen an a mat der Natur waren a sinn a wichtege Pilier am Guidismus a Scoutismus. Säit dem neien Naturschutzgesetz vun 2018 ginn et awer vill Onsécherheeten a Froen, wat mir dann iwwerhaapt nach an der Natur maachen däerfen.
Muss fir de Summercamp eng Autorisatioun beim Ëmweltminister ugefrot ginn? Däerf een am Bësch Feier maachen? Däerf een Nuetsaktivitéiten am Bësch maachen? … Dëst sinn nëmmen e puer vun dëse Froen.
An der Chefbox fannt dir dräi wichteg Dokumenter déi iech beim Plangen an Duerchféiere vun Aktivitéiten an der Natur weiderhëllefen:
- FAQ fir ëmweltpedagogesch Gruppenaktivitéiten an der Natur, ausgeschafft vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung. Hei kritt dir Äntwerten op déi vill Froen.
Klick op d'Bild
- Dossier de l’Animateur vum SNJ "Mir ginn eraus", dee mat der Hëllef vun Natur&Ëmwelt, ANF, LGS a FNEL ausgeschafft gouf an deen e prakteschen Tool fir all Acteuren an der Ëmwelterzéihung ass.
Klick op d'Bild
- Powerpointpresentatioun vun der Formatioun "FAQ Naturschutzgesetz" de 14. Mäerz 2022 um Neihaischen.
Klick op d'Bild
Iech alleguer vill Spaass beim Liesen a vill schéin, spannend a léierräich Momenter an der Natur!
Wann dir Froen hutt oder Informatioun braucht mellt iech beim Verbandssekretariat oder beim Tom Lahr. |