Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Léif Frënn vu Scouting in Luxembourg,

D'Guiden a Scouten hunn eng laang Geschicht fir Fridden, Dialog, Mënscherechter a Kannerrechter ze fërderen. Dëst besonnesch a Beräicher wou Konflikter entstinn. 

Säit 3 Wochen ass Krich an der Ukrain, dee mir als Guiden a Scouten net akzeptéieren a wou mir - duerch eist Engagement - deene Leit eis Hëllef ubidden, déi aus deem Land flüchte mussen. 

Mir hu scho méi wéi eemol gewisen, datt mir eis als Guiden a Scouten aktiv an der Gesellschaft mat abréngen. Rezent z.B. mat der Aktioun #AllDagEngBA am Ufank vun der Pandemie. Och elo si mir als Benevolle gefrot fir d’Leit ze ënnerstëtzen, well #EScoutLeisstKeenAmStach.

  • Wou kann ech eng Hand mat upaken? 
  • Wou kann ech mäin Deel dozou bäidroen dës Situatioun e bësse besser ze maachen? 

Zesumme mat der Croix-Rouge a Caritas koordinéiert Scouting in Luxembourg déi Guiden a Scouten, déi prett sinn eng Hand mat unzepaken:

  1. fir Wunnengen ze amenagéieren (Miwwele siche goen an a Privathaiser/ Wunnengen opzebauen)
  2. fir Aktivitéiten a verschiddenen Opfankstrukturen/ Foyeren ze organiséieren fir de Kanner esou e bëssen Oflenkung ze bidden. Dir kritt heizou eng entspriechend Formatioun.
  3. fir Encadrementer vu Familljen ze ënnerstëtzen (andeems een si bei éischten administrativen Schrëtt begleet). Dir kritt heizou eng entspriechend Formatioun

D'Aktioun 2 & 3 sinn nëmmen ab 18 Joer méiglech mat spezieller Formatioun déi ugebueden gëtt. Dës zwou Aktioune ginn zu engem spéidere Moment lancéiert.

Fëll elo dëse Formular op sil.lu/ukraine aus, wann s du dech engagéiere wëlls.

Wann s du de Formular bis fortgeschéckt hues kriss du jee no Aktioun (1, 2 an/oder 3) automatesch e separate Mail mat weideren Informatioune geschéckt. Kuck w.e.g. och am SPAM Folder vun dengem Mail Programm.

Zesumme mat der FNEL, Croix Rouge a Caritas benotze mir d'Plattform "Basecamp" fir déi eenzel Opträg flexibel ze kommunizéieren an ze geréieren. Weider Informatiounen dozou stinn an de jeeweilege Mailen.

Merci am Viraus

Fir de CA vu Scouting in Luxembourg (SiL)

Marc Weis
Vice-Président SiL a Commissaire Général LGS

Raoul Wirion
Président SiL a Commissaire Général FNEL

Engagéier dech elo op sil.lu/ukraine

Du hues soss nach Froen? Da mell dech hei: ukraine@lgs.lu

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken