Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - November 2020
COVID-19 UPDATE
 
Wéi der alleguerte wësst, huet d’Regierung d’Moossname géint d’Pandemie vum Covid-19 nach eng Kéier verschäerft.
 
D’Guiden- a Scoutsaktivitéite bleiwen awer trotzdeem weiderhin erlaabt an och erwënscht. Mä och mir mussen eis un déi nei Reegelen upassen, och wa se wärend den Aktivitéite vun de Jugendoprganisatiounen deelweis net gëllen.
 
An der neister (véierter) Versioun vun de „Spezifesche Reegelen a Rotschléi fir Guiden- a Scoutsaktivitéiten am Kontext vun der Covid-19 Pandemie“ fannt dir all d’Detailer zu den neien Instruktiounen, déi mir vun der Santé an dem Educatiouns- a Jugendministère kruten :
 
 
Hei nach eng Kéier kuerz déi wichtegst aktuell Moossname bei Guiden- a Scoutsaktivitéiten :
 
- maximal 30 Leit (Jonker a Chefs)
- d’Aktivitéite sinn dobaussen
- jiddereen deet wärend der ganzer Aktivitéit eng Mask un
- Iwwernuechtunge sinn nëmmen ënner bestëmmte Konditiounen erlaabt (cf. Punkt 9 am Dokument)
 
Mir wënschen iech alleguer weiderhi vill Courage, Kreativitéit a Spaass bei ären Aktivitéite mat de Kanner a Jonken,
de Verbandscomité
Rapport'en Comité & Verbandsekippen
Léif Cheftainen a Chef,   Fir an Zukunft eng méi grouss Transparenz tëscht dem Comité an de Cheftainen, Chef a Membere vun den LGS ze schaafen fannt dir ab elo…
Méi Informatiounen...
Friddensliicht
Trotz der aktueller Situatioun fënnt ons Friddensliichtsfeier awer statt, eben anescht. Hei fannt dir de Flyer, weider Detailer kommen no. Flyer Friddensliicht  
Méi Informatiounen...
Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken