Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Abrëll 2022

1. Bealtaine 2022 - Mataarbechter gesicht

2. Bealtaine 2022 - Simply Scouting

3. Rappel: Outdoorweekend Mëllerdall

4. Rappel: Formatioun "Wat soen ech, wann..."

5. Rappel: Congé Jeunesse

6. EAS - Emmauswanderung

7. Newsletter ASBL

8. 1. Mee Feier

9. Benefiziessen

10. Rappel: Virstellung Richtlinn Safe from harm


1. Bealtaine 2022 - Mataarbechter gesicht

No den zwou Ofsoen 2020 an 2021 ass et endlech erëm souwäit, vum 4. – 5. Juni 2022 fënnt déi 9. Editioun vum Keltefestival Bealtaine um Neihaischen statt.

De grousse Succès vum Festival verdanke mir natierlech de ville Mataarbechter,déi eis de Weekend gehollef hunn. Och dëst Joer brauche mir erëm vill Hänn.

Hues du also Loscht an Zäit eis dëse Weekend ze hëllefen, da mell dech esou séier wéi méiglech.

 

Klick op d'Bild

Umeldung Mataarbechter Bealtaine 2022

2. Bealtaine 2022 - Simply Scouting

Kommt mat äre Jonken op de Festival a verbréngt e spannenden Dag an der Welt vun de Kelten. Dir hutt och dëst Joer Méiglechkeet mat äre Biber, Wëllefcher, AvEx op de Festival ze kommen, an déi vill Aktivitéite matzemaachen.

Um Programm stinn Workshoppen, Infostänn, Verkafsstänn, Demonstratiounen…

Mir bidden:

Gratis Entrée fir Biber, Wëllefcher, an AvEx, déi sech als Grupp am Viraus umellen. Flott a spannend Workshops/Spiller.

Wat musst dir maachen:

Mellt iech w.e.g als Famill, Ruddel, Trupp bis spéitstens den 30. Mee 2022 op info@bealtaine.lu un. Deelt eis w.e.g mat:

  • 1Numm vum Grupp,
  • Numm vum responsabele Chef,
  • E-mail Adress,
  • Zuel vun de Kanner a Cheffen,
  • Datum wéini dir kommt (wichteg aus organisatoresche Grënn) 

An der Kees kritt dir är Entréesbännecher an Aktivitéitskaarten.

Klick op d'Bild

Umeldung fir Simply Scouting um Bealtaine Festival

3. Outdoor-Weekend am Mëllerdall
 
 
Datum: 17.-19. Juni 2022
 
Mir entdecken zesummen d‘Regioun vum Mëllerdall a weisen iech wat een hei alles Guide/Scoutsgruppe kann erliewen.
 
Programm:
  • Eng Visite guidée vum Aquatower zu Berdorf mat uschléissender Vue op de Sonnenënnergang
  • Eng Wanderung duerch den Natur- a Geopark Mëllerdall mat sengen Highlights an Erklärungen zur Entstehung vun der Landschaft a Regioun
  • Eng Kayaktour iwwer d'Sauer
 
 
Klick op d'Bild
Umeldung Outdoor-Weekend

4. Rappel: Formatioun "Wat soen ech, wann..."
 
 
Wat soen ech, wann e Kand rassistesch, homophob, muslim- oder juddefeindlech Aussoe mécht?
 

Samschdeg, de 07.05.2022 vun 09:00-13:00 Auer um Neihaischen

An dëser Formatioun geet et drëms Weeër kennen ze léieren, wei een op mënscheveruechtend Aussoe vu Kanner reagéiere kann. Ausserdeem  setzen  mir eis kritesch mat de Méiglechkeeten a Grenze vun der Meenungsfräiheet auserneen an probéieren d'Fro ze klären, wou Rassismus eigentlech ufänkt.D‘Umeldung an weider Informatiounen zur Formatioun fannt dir am Formatiounsportal: chefbox.lgs.lu/formatiounsportal oder bei mir: liz.feinen@lgs.lu
 

Klick op d'Bild

Umeldung "Wat soen ech, wann..."

5. Rappel: Congé Jeunesse

 

Et si puer wichteg Demarchen, déi ee muss maachen, iert een d'Demande fir de Congé Jeunesse mécht:

  • De Camp muss vum Campchef/taine ugemellt ginn.  
  • All Participanten, déi Congé J. fir d'Aktivitéit ufroen, mussen och am Formulaire "Umeldung vum Camp" opgelëscht ginn.
  • Eng Kopie vum Brevet, wann ee de Brevet huet, soll gemaach ginn. Wann een de Brevet net méi huet, kann eng Kopie beim SNJ ufroen. Tel: 247 86455

Fir d'Demarchen ze vereinfachen, kënnt dir är Demanden um LGS-Site eroplueden a musst dir si net méi per Post schécken (wat awer och méiglech ass). Hei kënnt dir d'Demande eroplueden: chefbox/desk/conge-jeunesse

Weider Informatiounen zum Congé Jeunesse fannt dir an der Adminbox am Admin.doc oder dir kënnt eng Mail op sekretariat@lgs.lu schécken.

Upload Demande Congé Jeunesse

6. EAS - Emmauswanderung
 
 

Am Kader vu Spiri fir Kids organiséiert d'EAS Ouschterméindeg den 18. Abrëll 2022 eng Wanderung mat Statiounen zur Emmausgeschicht. Ofschléissend ass eng Mass um 11 Auer an der Kierch zu Fëschbech/Miersch.

Wann dir interesséiert sidd fir matzegoen, da mellt iech beim Michèle Hilger un.

 

Klick op d'Bild

Umeldung Emmauswanderung

7. Newsletter ASBL
 
 
 
Klick op d'Bild

8. 1. Mee-Feier
 
 
 
Klick op d'Bild

9. Benefiziessen
 
 
 
Klick op d'Bild
 
Umeldung Benefiziessen

10. Rappel: Virstellung Safe from harm
 
 
Klick op d'Bild
 
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken