Bonjour léif Frënn vum Scoutismus,
Am Kontext vum Krich an der Ukrain koumen a komme vill Flüchtlingen aus der Ukrain op Lëtzebuerg. D’SiL wëll an deem Kontext hëllefen, fir déi Flüchtlingen ze begleeden, an huet dofir bis elo 5 Aarte vun Aktioune geplangt, déi mir zesummen als FNEL an LGS als Hëllef fir ukrainesch Flüchtlingen encadréieren. Als Rappell sinn dat folgend 5 Aktiounen:
0. Ausgewielte Scouts-Homer zur Verfügung stellen
-
Wunnengen amenagéieren (Miwwele siche goen an a Privathaiser/ Wunnengen opbauen). Adresse Basecamp
-
Aktivitéiten a verschiddenen Opfankstrukturen/ Foyeren organiséieren an de Kanner e bëssi Scoutismus ubidden.
-
Encadrementer vu Familljen ënnerstëtzen (andeems een si bei éischten administrative Schrëtt begleet).
-
Flüchtlingskanner a Jugendlech an eisen Truppe mat ophuelen.
-
Material sammelen a Spendenaktiounen duerchféieren.
Vill Cheff hunn sech gemellt, fir hei matzemaachen, an dat ass immens. Et ass nach ëmmer méiglech fir matzemaachen, mellt iech dofir hei un, wann dat nach nët gemaach ass https://sil.lu/ukraine/, a schéckt dës Newsletter u fréier Scoutskollege weider, fir dass déi sech kënnen am Numm vu ‘Scouting in Luxembourg’ engagéieren a bei dësen Aktioune matmaachen.
De SiL huet eng Equipe zesummegestallt, déi d’Aktiounen zur Hëllef fir ukrainesch Flüchtlinge koordinéiert. Et kann een dës Responsabel ënnert der e-Mail Adress scoutsukraine@sil.lu kontaktéieren. Iwwer dës Adress sinn ausserdeem all Aktivitéiten oder Projeten aus den Aktiounen 0, 4 a 5 ze mellen, déi all Trupp maache kann. Dëst Umellen ass immens wichteg fir dass d'SiL weess wou Scouting in Luxembourg sech engagéiert. Eist Engagement ass jo keng individuell Aktivitéit, mä eng Aktioun vun äis all.
Fir d’Aktiounen 2 a 4 lafen elo Formatiounen un, wou d’Cheffen déi néideg Informatioune kréien a wou sech och kann organiséiert ginn, wéi mir wëlle koordinéiert zesumme schaffen. Eng gemeinsam Organisatioun ass virun allem fir d’Aktioun 2 wichteg, wou mir an Opfankstrukture gi fir de Kanner an den Eltere Scoutismus unzebidden.
Formatiounsversammlunge fir d’Aktioun 2 si geplangt:
Formatiounsversammlunge fir d’Aktioun 4 si geplangt:
Een allgemengen Informatiounsowend fir d'Gruppechef an d’Responsabel vun der FNEL an den LGS ass Freideg de 6. Mee 2022 um 19.00 an der Géisserei.
Kënn Dir Iech w.e.g. per Mail um scoutsukraine@sil.lu aschreiwen, fir eng vun deene Versammlungen dass mir eng besser Organisatioun kënne garantéieren.
Mat beschte Scoutsgréiss
Marc Klepper Responsabel Hëllef fir d’Ukrainesch Flüchtlingen |