Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Wëllefcher - Newsletter

Wëllkomm beim Wëllefcher-Newsletter.

 

D’Inhalter sinn:

1. Biber- a Wëllefchersandacht, den 21. Mee 2022 an der Stad

2. Wëllefcher-Naturdag, den 11. Juni 2022 zu Dikkrich

 

 

 

1. Biber- a Wëllefchersandacht, den 21. Mee 2022 an der Stad

Eis Biber- a Wëllefchersandacht ass dest Joer Samsdes mëttes, den 21. Mee 2022 ronderem d’Kathedral. Virun der Andacht bereede mir Spiller an Aktivitéiten vir. Et ass eng gutt Méiglechkeet är Versammlung an d‘Stad ze verleeën!

RdV ass um 15h um Parvis vun der Kathedral. D’Andacht selwer fänkt um 17h00 Auer un. Schluss ass um 17h30.

 

Mellt äre Ruddel oder är Biberfamill bis de 14. Mee 2022 iwwert folgenden Online-Formulaire un:

Link: Biber a Wellefcher Andacht 2022

Mir freën eis op ee schéinen Nometteg mat iech!

 

 

2. Wëllefcher-Naturdag, den 11. Juni 2022 zu Dikkrich

 

Mir wiesselen erem eis Plaz an dëst Joer ass eisen Naturdag zu Dikkrich am Bësch!

 

Wat? Dag an der Natur mat villen flotten a fräien Iddien wou dir Iech kennt inspiréiere loossen!

 

Wéini? Samschdes, den 11. Juni 2022 vun 10h00 Auer bis 16h00 Auer (dir däerft awer och manner laang kommen; allerdings recommandéiere mir dass dir op d’mannst 3 Stonne mat ärem Ruddel bei eis sidd)

 

Wou? Am Bësch zu Dikkrich beim Fridhaff (mir organiséieren eng Navette vun der Ettelbrékker Gare bis erop)

 

Fir wien? Fir all Wëllefchers-Ruddel aus dem Land (d’Plaze si limitéiert, déi 1. si vir :-)

 

Participatioun? 2€ pro Wëllefchen; d’Cheffe bezuelen näischt

 

Umellen? Séier! Bis spéistens den 1. Juni op folgendem Formulaire: Wëllefcher - Naturdag

 

Bis geschwenn,

 

Är Wëllefchers-Ekipp

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken