Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Mee 2022

1. Ukrain - #EScoutLéisstKeenAmStach 

2. Bealtaine 2022 - Mataarbechter gesicht

3. Bealtaine 2022 - Simply Scouting

4. STAP 2022

5. Rappel: Formatioun Niddregseelgaart

6. Sprangprëssessioun

7. Gedenkfeier


1. Ukrain - #EScoutLéisstKeenAmStach

 

 

D'Guiden an d’Scouten hunn eng laang Geschicht fir Fridden, Dialog, Mënschlechkeet, Kanner- a Mënscherechter ze verdeedegen, dëst besonnesch do wou et Schwieregkeeten a Konflikter gëtt.

 

Säit e puer Wochen ass e Krich an der Ukrain amgaang. Mir als Guiden a Scouten kënnen dat net ignoréieren an sollten duerch eist Engagement deenen Leit eis Hëllef ubidden, déi aus deem Land elo flüchten mussen.

 

Mir hu scho méi wéi eemol gewisen, dass eis Hëllef en Ënnerscheed an der Gesellschaft mécht.  Och elo si mir nees eng Kéier ugesprach, fir als Scouten déi Léit déi et des Kéier trefft ze ënnerstëtzen, well #EScoutLéisstKeenAmStach!

 

Zesumme mat der Croix-Rouge a Caritas coordonéiert ‘Scouting in Luxembourg’, dat sinn all Scouten vun der LGS an FNEL, follgend Aktiounen:

  1. Wunnengen  amenagéieren (Miwwele siche goen an a Privathaiser/ Wunnengen opbauen)
  2. Aktivitéiten a verschiddenen Opfankstrukturen/ Foyeren an engem reegelméissegen Zäit Intervall organiséieren, fir de Kanner an den Erwuessenen e bëssi Oflenkung ze bidden, an Scoutismus ze liewen. Hei ass déi éischt Aktioun den 15 Mee um Kierchbierg mat erwuessenen Chef a Scouten.
  3. An eisen lokalen Gruppen op Demande eenzel Flüchlingskanner ophuelen, Aktiounen maachen fir  Suen kënnen ze spenden, een Aktionskoffer maachen an den Refugieskanner zur Verfügung stellen, Sammelaktiounen

Dat ganzt Dokument kanns du hei ënnen opmaachen, weiderliesen an eroflueden.

Dokument opmaachen

2. Bealtaine 2022 - Mataarbechter gesicht

No den zwou Ofsoen 2020 an 2021 ass et endlech erëm souwäit, vum 4. – 5. Juni 2022 fënnt déi 9. Editioun vum Keltefestival Bealtaine um Neihaischen statt.

De grousse Succès vum Festival verdanke mir natierlech de ville Mataarbechter,déi eis de Weekend gehollef hunn. Och dëst Joer brauche mir erëm vill Hänn.

Hues du also Loscht an Zäit eis dëse Weekend ze hëllefen, da mell dech esou séier wéi méiglech.

 

Klick op d'Bild

Umeldung Mataarbechter Bealtaine 2022

3. Bealtaine 2022 - Simply Scouting

Kommt mat äre Jonken op de Festival a verbréngt e spannenden Dag an der Welt vun de Kelten. Dir hutt och dëst Joer Méiglechkeet mat äre Biber, Wëllefcher, AvEx op de Festival ze kommen, an déi vill Aktivitéite matzemaachen.

Um Programm stinn Workshoppen, Infostänn, Verkafsstänn, Demonstratiounen…

Mir bidden:

Gratis Entrée fir Biber, Wëllefcher, an AvEx, déi sech als Grupp am Viraus umellen. Flott a spannend Workshops/Spiller.

Wat musst dir maachen:

Mellt iech w.e.g als Famill, Ruddel, Trupp bis spéitstens den 30. Mee 2022 op info@bealtaine.lu un. Deelt eis w.e.g mat:

  • 1Numm vum Grupp,
  • Numm vum responsabele Chef,
  • E-mail Adress,
  • Zuel vun de Kanner a Cheffen,
  • Datum wéini dir kommt (wichteg aus organisatoresche Grënn) 

An der Kees kritt dir är Entréesbännecher an Aktivitéitskaarten.

Klick op d'Bild

Umeldung fir Simply Scouting um Bealtaine Festival

4. STAP 2022
 
27. August - 3. September 2022 zu Bilschdref
 
De STAP ("STage d'Approfondissement Pédagogique") ass den "theoreteschen" Deel vum 2. Zyklus vun der Formatioun bei den LGS, fir eng Ernennung als Branchechef (Biberchef, Akela, Truppechef, Clanchef) an de Brevet Animateur C ze kréien.
Dëst Jar gesi mir eis vum 27ten August bis den 3te September an dat zu Bilschdref.
Umeldung STAP

5. Formatioun - Mobile Niddreg Seelgaart
 
Datum: 17.-19. Juni 2022
 
Hei léiers du wéi s du mam Klammmaterial vun den LGS e mobile Seelgaart
kanns opriichten an d’Material duerno fir däi Grupp kanns ausléinen.
D’Material bitt dir d’Méiglechkeet souwuel e Slackline-Parcours opzeriichten,
wéi och mat Monkey-Trees an de Beem ze klammen. Wanns
du dës flott Geleeënheet wëlls notze fir de Jonken a Kanner e spannenda flott Erliefnis z’erméiglechen, da mell dech schnell un!
 
Klick op d'Bild
Umeldung Formatioun Niddregseelgaart

6. Sprangprëssessioun
 
 

07. Juni 2022

Dëst Joer hu mir als LGS erëm d’Méiglechkeet mat enger eegener Guide/Scoutsmusek un der Sprangprëssessioun deelzehuelen.

 

Klick op d'Bild

Umeldung Sprangprëssessioun

7. Gedenkfeier
 
 
13. Juli 2022

E Mëttwoch den 13. Juli fënnt um Neihaischen am Keltenhaus eng Gedenkfeier fir ons verstuerwe Membere statt.

 

Klick op d'Bild

Umeldung Gedenkfeier



Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken