Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Juni 2022

1. Kongress & Chefdag 2022  

2. Info - Statuten ASBL fir d'lokal Gruppen

3. Invitatioun GC-Renconter

4. Mérite Jeunesse

5. EAS Gedenkfeier


1. Kongress & Chefdag 2022

 

24. a 25. September 2022 zu Ettelbréck an der Däichhal an op den Däichwisen

 

Chefdag 2022 - Opruff!

Wann s de eppes kanns … (oder ee kenns, deen eppes kann)

Dann dierfs du dat um Chefdag 2022 op den Däichwisen zu Ettelbréck gäre weisen an aner dovu begeeschteren. 

  • Vläicht bass du schonn éiweg dee beschte Gittar-Spiller, Break-Dancer, Schnitzmesserschnitzer, Jongleur, Geschichtenerzieler, … an dengem Grupp,
  • Vläicht hues du an der Corona-Zäit en neit Talent an Dir entdeckt,
  • Vläicht weess du besser wéi all déi aner Bescheed iwwer de Fonctionnement vun enger Gasluucht oder iwwer Geologie ronderëm Ettelbréck, 
  • Vläicht häss du deen Dag Loscht op geocachen, awer du gleefs net, dass de Verband sou eng Aktivitéit wäert organiséieren,  
  • Vläicht hues du nach 10 Badger doheem leien, an dreems dovun déi zesumme mat aner Cheffen op d’Uniform opzebitzen (oder ze pechen) (bréng da w.e.g. en T-Shirt mat ),

Da bass du dee richtegen fir ee vu ville verschidden Atelieren ze organiséieren, dëst mam Zil fir de Cheffen nei Iddien a vill Motivatioun mat op de Wee ze ginn.

 

De Chefdag 2022 leeft ënner dëser Form: 

  • Zu all voller Stonn fänkt en Atelier, Workshop, Tour, Gespréichsronn, Kompetitioun, … un, moderéiert oder begleet vu Cheffen an/oder Membere vum Verbandsgrupp.
  • D’Unzuel vu Leit pro Atelier leit tëscht 10 an 20.
  • Den Atelier ass op der Däichwiss oder an der Ëmgéigend.
  • En Atelier dauert ronn 45 Minutten.
  • All Atelier erfëllt den Usproch, dass d’Cheffen aktiv matmaachen. 

Soss Detailer an Ënnerstëtzung op programm_ekipp@lgs.lu

Weider Detailer fir de Kongress a Chefdag kommen nach no.
Umeldung fir en Atelier ze halen

2. Info - Statuten ASBL fir d'lokal Gruppen

 

Um Kongress 2021 gouf an der Diskussiounsronn "Statuten" iwwert d'juristesch Form vun eise Gruppen diskutéiert. Mat der Resolutioun ass de Comité opgefuedert ginn, eng Propose auszeschaffen.

Mir si frou iech matdeelen ze kënnen, dass de Moment eng Virlag vu Statute fir lokal Gruppen ausgeschafft gëtt. Dës Virlag wäerte mir iech am August mat der Invitatioun vum Kongress 2022 schécken.
De Kongress ass dëst Joer de 24 September 2022 zu Ettelbréck an der Däichhal, de Chefdag de 25 September op der nämmlechter Platz.


3. Invitatioun GC-Renconter

 

D’Gruppenekipp invitéiert op hir lescht Gruppechef-Renconter fir dëst Schouljoer. Dës Renconter ass Freideg den 1. Juli um 19h zu Rodange beim Chalet ‘Am Doihl’ (60 rue de la Minière - Rodange).
 
Et handelt sech ëm eng Outdoor Renconter (wann d’Wierder eis et erlaabt) an dës dréint sech ganz ëm déi néi Branchë-Methoden déi deemnächst publizéiert ginn.
 
Fir Iessen a Gedrénks suergt de Grupp vu Rodange.
 
Merci am Viraus an bis geschwënn!
Lénks Patt
d’Gruppenekipp
 
Mellt iech wegl. sou séier wéi méiglech mat dësem Formulaire un:
Umeldung GC-Renconter

4. Mérite Jeunesse
 

Mérite Jeunesse

“Find your Passion, Purpose and Place in the World”

 

 

De Programm vum Mérite Jeunesse hëlleft engem sech selwer an seng eegen Talenter z'entdecken. En erméiglecht engem méi Selbstvertrauen opzebauen, Responsabilitéit z'iwwerhuelen, Neies z'entdecken an un seng eege Fäegkeetenze gleewen.

 

Am Kader vun engem flexibelen an ofwiesslungsräiche Programm, de jiddereen no sengen Interessi selwer fir sech zesummestellt, kënnen déi Jonk déi Saachen ausprobéieren, déi hinne Freed maachen an hier perséinlech Zieler ouni Zäitlimitt erreechen.

 

All Jonk tëschent 14-24 Joer kënne beim Mérite Jeunesse mat maachen andeems si an dësen véier Beräicheraktiv ginn: Benevolat, Sport, Talent an Expeditioun.

 

Um ee vum Mérite Jeunesse kritt all Participant en Award, de weist, dass een sech och a senger Fräizäit engagéiert huet, an dass ee perséinlech Fortschrëtter gemaach huet, wat op all CV gutt ausgesäit.

 

Klick op d'Bild

 


Wann dir Froen hutt, da mellt iech roueg bei eis: merite@lgs.lu

Weider Informatiounen an Umeldung fënns du hei:

Info Mérite Jeunesse LGS
Info Mérite Jeunesse

5. EAS Gedenkfeier
 
13. Juni 2022 um Neihaischen
 
E Mëttwoch den 13. Juli fënnt um Neihaischen am Keltenhaus eng Gedenkfeier fir ons verstuerwe Membere statt.
 
Klick op d'Bild
Umeldung Gedenkfeier





Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken