Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Verbandssekretariat

Léif Gruppecheftaine, léiwe Gruppechef,

D'LGS si vu Rosa Lëtzebuerg invitéiert ginn, fir den 9. Juli um Equality March zu Esch deelzehuelen.

D'Equality March ass e Wee, fir Net-LGBTIQ+ Leit (sougenannten Alliéierten), Organisatiounen, Parteien an Institutiounen hir Ënnerstëtzung a Solidaritéit mat der Queer Gemeinschaft ze weisen an esou d'Suerge vu LGBTIQ+ Leit an d'Gesellschaft ze droen.

De Verband vun den LGS ënnerstëtzt dës Initiativ an encouragéiert d’Memberen, mam Foulard, um Equality March deelzehuelen. Dëst ass esou wuel eenzel wéi och am Grupp méiglech. D'Gruppe si gebieden sech am Viraus unzemellen.

Marc & Angélique

Commissaires généraux

 

Méi Informatioune fannt dir hei:

luxembourgpride.lu
STAP 2022
 
27. August - 3. September 2022 zu Bilschdref
 
De STAP ("STage d'Approfondissement Pédagogique") ass den "theoreteschen" Deel vum 2. Zyklus vun der Formatioun bei den LGS, fir eng Ernennung als Branchechef (Biberchef, Akela, Truppechef, Clanchef) an de Brevet Animateur C ze kréien.
Dëst Jar gesi mir eis vum 27ten August bis den 3te September an dat zu Bilschdref.
 
Den nächste STAP wäert 2024 an der Päischtvakanz stattfannen. Dofir informéiert w.e.g. d'Chef/tainen am Grupp, déi elo d'Formatioun fir Branchef wëlle maachen.
Umeldung STAP
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken