LGS Newsletter - Juli 2022 |
| |
1. Formatioun - Mobile Niddreg Seelgaart
Datum: 20.-21. August 2022
Wéinst engem Krankheetfall huet d'Formatioun musse vum Juni op den August verréckelt ginn.
An dëser Formatioun léiers du, wéi s du mam Klammmaterial vun den LGS e mobile Seelgaart kanns opriichten an d’Material duerno fir däi Grupp kanns ausléinen.
D’Material bitt dir d’Méiglechkeet souwuel e Slackline-Parcours opzeriichten, wéi och mat Monkey-Trees an de Beem ze klammen. Wann s du dës flott Geleeënheet wëlls notze fir de Jonken a Kanner e spannenda flott Erliefnis z’erméiglechen, da mell dech schnell un!
|
| |
2. Opruff - Chefdag 2022
Wann s de eppes kanns … (oder ee kenns, deen eppes kann)
Dann dierfs du dat um Chefdag 2022 op den Däichwisen zu Ettelbréck gäre weisen an aner dovu begeeschteren.
- Vläicht bass du schonn éiweg dee beschte Gittar-Spiller, Break-Dancer, Schnitzmesserschnitzer, Jongleur, Geschichtenerzieler, … an dengem Grupp,
- Vläicht hues du an der Corona-Zäit en neit Talent an Dir entdeckt,
- Vläicht weess du besser wéi all déi aner Bescheed iwwer de Fonctionnement vun enger Gasluucht oder iwwer Geologie ronderëm Ettelbréck,
- Vläicht häss du deen Dag Loscht op geocachen, awer du gleefs net, dass de Verband sou eng Aktivitéit wäert organiséieren,
- Vläicht hues du nach 10 Badger doheem leien, an dreems dovun déi zesumme mat aner Cheffen op d’Uniform opzebitzen (oder ze pechen) (bréng da w.e.g. en T-Shirt mat ),
Da bass du dee richtegen fir ee vu ville verschidden Atelieren ze organiséieren, dëst mam Zil fir de Cheffen nei Iddien a vill Motivatioun mat op de Wee ze ginn.
De Chefdag 2022 leeft ënner dëser Form:
- Zu all voller Stonn fänkt en Atelier, Workshop, Tour, Gespréichsronn, Kompetitioun, … un, moderéiert oder begleet vu Cheffen an/oder Membere vum Verbandsgrupp.
- D’Unzuel vu Leit pro Atelier leit tëscht 10 an 20.
- Den Atelier ass op der Däichwiss oder an der Ëmgéigend.
- En Atelier dauert ronn 45 Minutten.
- All Atelier erfëllt den Usproch, dass d’Cheffen aktiv matmaachen.
Soss Detailer an Ënnerstëtzung op programm_ekipp@lgs.lu
Weider Detailer fir de Kongress a Chefdag kommen nach no. |
| |
3. EAS - Spiri fir Kids
Am Hierscht starte mir erëm mat onsem Projet “Spiri fir Kids”. De Programm steet schonn. 16 Famille sinn dobäi. Wann och dir als Famill interesséiert sidd fir matzemaachen, da mellt iech beim michele.hilger@lgs.lu do kritt dir weider Detailer.
Klick op d'Bild |
| |
4. EAS - Verspriechenskoffer
Dir hutt wëlles um Camp eng Verspriechensfeier z'organiséieren, da kënnt den Online Verspriechenkoffer genau richteg. Hei fannt dir Hannergrondinformatiounen zum Verspriechenstext, den 3 Duties an zum Guide/Scoutsgesetz. Fir all Branchë ginn et hei fäerdeg Modeller fir eng Verspriechensfeier virzebereeden.
An der Aktivitéitsbox chefbox.lgs.lu/aktiviteiten ënnert "Spirituelles" kënnt dir nach zousätzlech Impulser fannen.
De Koffer gouf vun eenzele Memberen aus der EAS an Zesummenaarbecht mat de Branchenekippen zesummegesat.
Klick op d'Bild |
| |
5. Newsletter vun der A.s.b.l.
Klick op d'Bild |
| |
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
| |
|