LGS Newsletter - Rentrée 2022 |
| |
1. De Foulard ass zréck beim Fischer
Als eent vu ville Guiden- a Scoutssymboler, kann een dëse Kaffiskichelchen de ganze Mount September iwwer nees an all Fischer-Bäckerei zu Lëtzebuerg kafen. Bei all Verkaf ginn d'Aktivitéite vun den LGS an der FNEL mat 20 Cents ënnerstëtzt.
|
| |
2. Job Offer - Agent technique
|
| |
3. Finanzen - Bilan 2021 & Budget 2023
Och dëst Joer huet d'Finanzekipp d'Presentatioun vun hire Bilan vum Joer 2021 souwéi hierem Budget fir d'Joer 2023 nees a Form vun engem Video publizéiert. Mir bieden iech, dëse Film am Virfeld vum Kongress ze kucken an är oppe Froe per Email u finanzen@lgs.lu ze schécken, oder um Dag vum Kongress ze stellen. |
| |
4. UPDATE - Kongress
Samschdes, de 24. September 2022
De Verbandskongress ass dëst Joer Samschdes, de 24. September zu Ettelbréck an der Däichhal (3, rue du Deich, L9012 Ettelbruck).
D'Aschreiwung ass vu 16 Auer un op, de Programm fänkt um 17h mat den Diskussiounsronnen un. Den detailléierten Oflaf fënns du am Kompass. Déi verschidden Diskussiounsronne sinn:
- Propos ASBL-Statuten fir d'Gruppen (AG Statuten)
- Finanzen & Cotisatioun (Finanz Commissairen)
- Chefsituatioun (Gruppenekipp)
- Safe from Harm Policy (AG SFM)
- Diversitéit an LGTBQ+ Inklusioun bei den LGS (I-Ekipp)
- Wuesstem an den existente Gruppen (AG Wuesstem)
Wann s du fir de Kongress verhënnert bass, kanns du engem anere stëmmberechtegte Chef/taine eng Prokuratioun ginn. Mat enger Prokuratioun kann een nëmmen den uerdentleche Programm vum Kongress mat ofstëmmen (keng Statutenännerungen).
Fir den Owend ass fir Iessen an Drénke gesuergt.
Mir hoffen, dech um Kongress begréissen ze däerfen.
Weider Informatioune fënns du am Kompass.
|
| |
Online-Iwwerdroung
Och dëst Joer wäert et nees méiglech sinn, de Kongress Online ze suivéieren. Op eisem Internetsite wäerte mir de Live-Stream vum Kongress ab 19 Auer zur Verfügung stellen.
lgs.lu/kongress
Mir weisen drop hin, dass et net wäert méiglech sinn, via Live-Stream ze intervenéieren oder mat ofzestëmmen. |
| |
UMELDUNG
D'Umeldung fir de Kongress an/oder fir de Chefdag geschitt individuell. Dat heescht all Chef/taine muss sech selwer iwwert d'Chefbox umellen. |
| |
5. UPDATE - Chefdag
Sonndes, de 25. September 2022
De Verbandsgrupp invitéiert dech ganz häerzlech op de Chefdag zu Ettelbréck op den Däichwisen.
De Chefdag huet dëst Joer 2 grouss Ziler:
- sech ze begéinen an eng schéin Zäit mateneen ze verbréngen,
- iech Iddie mat op de Wee ze ginn, fir déi éischt Versammlungen ze plangen.
Programm
- 08:30: Aschreiwen; Kaffee a Croissant (Foulard vum Fischer)
- 09:30: Ufank Chefdag mat Begreissung, Infoen, Animatioun
- 10:00 - 16:00: Brancheversammlungen a Workshoppen
CATERING
D'Ettelbrécker Gruppen Ermesinde a St Sébastien këmmeren sech ëm de Catering (Grillstand an Chili), ausserdeem steet e Foodtruck mat äthiopesche Spezialitéiten (och vegetaresch Platen) um Site.
Mir bieden dech, bei der Umeldung unzeginn, ob s du um Chedag wëlls matiessen an ob s du eng Allergie hues oder Vegetarier/Veganer bass.
D'Iesse gëtt op der Plaz bezuelt.
Weider Informatioune fënns du am Kompass. |
| |
Lëscht vu Workshoppen
Heimat schécke mir Iech d'Lëscht mat de verschiddene Workshoppen, déi um Chefdag ugebuede ginn, soudass dir iech ären Programm schonn am Viraus zesummesetze kënnt |
| |
UMELDUNG
D'Umeldung fir de Kongress an/oder fir de Chefdag geschitt individuell. Dat heescht all Chef/taine muss sech selwer iwwert d'Chefbox umellen.
Aschreiwung op der Plaz - Checkpoint
Fir de Kongress a fir de Chefdag kriss du e Paddel. Bréng dofir deng Chefkaart mat. Dës kanns du selwer an der Chefbox opruffen an eroflueden. Den direkte Link fir deng Chefkaart ass dësen. Dofir muss du awer agloggt sinn.
Wann s du kee Smartphone hues, kanns du d'Kaart printen an esou matbréngen. |
| |
6. RAPPEL - Kompass
Am Kompass fënns du d'Invitatioun, de Programm a weider wichteg Informatioune fir de Kongress a fir de Chefdag 2022.
Ausserdem fënns du hei den Aktivitéitsrapport vum Verbandsgrupp (Verbandsgrupp = Comité + Verbandsekippen + Aarbechtsgruppen). Iwwer den Aktivitéitsrapport gëtt um Kongress ofgestëmmt.
|
| |
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
| |
|