Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Corona Update - 25.11.2020

Guiden- a Scoutsaktivitéiten

Zu Lëtzebuerg gëllen elo nei Reegelen am Zesummeliewe fir d’Pandemie vum Covid-19 an de Grëff ze kréien.

D’Guiden- a Scoutsaktivitéite mat de Jonke bleiwe weiderhin erlaabt a sinn och ausdrécklech erwënscht, fir de Kanner a Jugendlechen ze erméiglechen, an engem geschützte Kader weider aktiv ze sinn. Eis Aktivitéite kënnen hinnen dat bidden.

Trotzdeem musse mir eis den neie Restriktiounen upassen.

Vun elo u gëlle folgend Moossname bei Guiden- a Scoutsaktivitéiten:

  •        Maximal 30 Leit (Jonker a Chefs).
  •        D’Aktivitéite sinn all dobaussen.
  •        Jiddereen hält wärend der ganzer Aktivitéit eng Mask un.
  •        Iwwernuechtunge sinn net méi erlaabt.
  •      Et däerf just dann zesumme giess ginn, wa jidderee säin eegene Picknick matbréngt oder eng „Lunchtuut“ kritt. D’Iesse muss och dobausse stattfannen a jidderee muss dobäi eng Distanz vun op d’mannst 2 Meter zu deenen aneren anhalen.

D’Dokument mat den Detailer zu de spezifesche Coronavirus-Moossname bei den LGS gouf deementspriechend aktualiséiert, dir fannt déi nei (fënneft) Versioun op lgs.lu: COVID-19 Rotschléi V5.0

Mir wënsche jidderengem vun iech vill Courage. Als Guiden a Scouten maache mir eist Bescht fir eis Jonk duerch dës Zäit ze begleeden.

 

 

Aktiviéite vun Amicalen, Frënn, ASBLen, asw.

Am Pandemie-Gesetz besteet fir „parascolaire“ Aktivitéiten eng Ausnam zu den allgemenge Reegelen a Restriktiounen. Als „parascolaire“ Aktivitéiten ziele Guiden- a Scoutsaktivitéite wann dës fir a mat Kanner an/oder Jugendlecher organiséiert ginn, also Jonker (Biber, Wëllefcher, Avex, CaraPio, RaRo) an hier jeeweileg Chefs dobäi sinn, respektiv d’Virbereedung vun dësen Aktivitéiten: Versammlungen, Sortien, Weekender, Campen, Chefekippen/Maîtrisen a Grupperéit.

Aner Aktivitéiten, wou weder Kanner oder Jugendlecher, nach Chefs dobäi sinn, kënnen net als „parascolaire“ Aktivitéiten zielen a sinn dowéinst och net vun der Ausnam am Pandemie-Gesetz betraff.

An deem Sënn gëlle fir d’Aktivitéite vun Amicalen, Frënn, ASBLen asw. déi allgemeng Reegelen a Restriktiounen aus dem Pandemie-Gesetz.

  • Maskeflicht an Distanz vu minimum 2 Meter wa méi wéi 4 Leit beienee sinn
  • Fest Sëtzplaze mat enger Distanz vu minimum 2 Meter wa méi wéi 10 Leit beienee sinn.
  • Rassemblementer vu méi wéi 100 Leit si verbueden.
  • De Verkaf vun Iessen a Gedrénks si verbueden, ausser ënner Form vun Take-Out oder Livraisoun. 

 

Fir de Verbandscomité,

Angélique Krier, Marc Weis an David Heck

Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken