Lëtzebuerger Guiden a Scouten
UPDATE: Formatioun zum Thema "Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen"

Léif Cheftainen a Chef,

Leider ass eis e klénge Feeler ënnerlaf an dir hutt e falschen Umeldungslink geschéckt kritt. Mir hunn dësen ugepasst a schécken iech heimat nach eng Kéier de d'Newsletter mam richtege Link

Merci fir Äert Versteesdemech

De Centre national de prévention des Addictions proposéiert de Scoutscheffen eng 2-deeleg Formatioun.


Themen
 
1. "Basisformatioun zur Richtlinn fir den Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen" 
2. "Gespéichsféierung mat Jonken" (Übungen a Methoden)
 
Inhalt:
 
Wéi ginn ech mat Jonken ëm, déi legal an/oder illegal Droge konsuméieren?
 
Am éischten Deel beschäftege mir eis mat der Richtlinn (Kooperatioun tëscht CNAPA a SIL) zum Ëmgang mam Konsum vun Drogen. Zousätzlech ginn déi verschidde Substanzen méi am Detail erklärt.
 
An engem zweeten Deel sti Methoden an Übungen am Mëttelpunkt fir mat Jonken iwwer dëst Thema ze schwätzen. Dës sinn interaktiv opgebaut, fir déi Jonk esou fir dëst Thema ze sensibiliséieren an am Sënn vu preventive Botschaften, laangfristeg positiv Effekter z'erzilen. 
 
Wann dir déi zwou Formatiounen ofgeschloss hutt, kënnt dir Sensibiliséierungsmaterial bei eis ausléinen, fir d'Thema mat äre Jonken am Grupp unzeschwätzen.
 
Wéini/Wou
- Samsdes, den 22.10.2022 vu 9 Auer bis 13 Auer
- Samsdes, den 12.11.2022 vu 9 Auer bis 13 Auer
 
Um Cents bei der FNEL (61 a, rue de Trèves; L-2630 Luxembourg)
 
Mir starte Moies um 8.30 Auer mat Kaffi a Croissant.
 
Wanns du an däi Grupp intresséiert sidd, da maach dech bäi well d'Plaze si begrenzt op 20 Participanten.
 
Denkt och drunn är Chefkaart erofzelueden!!! Mir scannen dës sur place, fir dass dir d'Formatioun unerkannt kritt.
 
Umelle kënnt dir iech ab dem 23.09.2022:
Umeldung
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken