Léif RaRo-Chef!

 

Häerzlech wëllkomm am neie Scoutsjoer. 

 

 

Kongress a Chefdaag ware letzte Weekend. Net jidderee vun iech hat Zäit vir bis bei eis kucken ze kommen, dofir kritt dier an dësem Newsletter déi aktuell Versioun vun eisen Aktivitéiten di dëst Joer stattfannen.

 

Denkt och w.e.g drun, dass der an der Chefbox am Agenda ëmmer gesitt wéini en Event ass, et schued also net den Agenda vun Zäit zu Zäit kucken ze goen.

Op dësem Wee géif ech iech och alueden, iech vir den Weekend de Lancement unzemellen. 

Mir hunn dëst Joer en neien Programm op enger neier Plaz. 

 

Weider Detailer fannt dier am Agenda! ;-)

RaRo-Aktivitéiten am Joër 2022/23

Am kommenden Joër proposéirt d’Raro-Ekipp iech folgend Aktivitéiten:

22. – 23. Oktober 2022

Weekend de Lancement um Sennengerbierg

 

Fräi ënnert dem Motto „Komm mat“ entféieren mier iech op eng nei Aventure. Mat neiem Programm an enger neier Plaaz fueren mir mol eng aner Schinn.

Dezember – Januar

RaRo-Treff zu Ettelbréck – Weider Detailer kommen no.

 

E klasseschen Event am RaRo-Kalänner. Hei kënnen RaRo sech kenneléiren an e flotten Owend zesumme verbréngen.

17. Dezember 2022

Mister X duerch d’Land – Fänk der eng Ekipp

 

Normal Léit spillen Mister X an enger Uertschaft. Mir spillen Mister X am ganzen Land. Duerch Finesse an déi richteg Taktik musst dier d’Ekipp sichen déi sech duerch d’Land verdeelt huet. Den Hooken un der Geschicht: Mir fueren all mam ëffentlechen Transport…

01. Abrëll 2023

Methodendaag RaRo – Weider Detailer kommen no.

 

Dëst Joër bidd d’RaRo-Ekipp keen STIP un, mee nëmmen den Methodendaag. Hei kriss du an engem Daag gewisen, op wat et bei den RaRo ukënnt. Et besteet d’Méiglechkeet hei ze schlofen.

01.   Abrëll  2023

Clash of Clans – Weider Detailer kommen no.

 

Den Clash of Clans ass en Cheftreff. Hei kënnen sech erfueren Chef mat jonken Chef austauschen. Dat ganzt fënnt an enger gemittlecher Ambiance statt. Et besteet d’Méiglechkeet hei ze schlofen.

14. – 16. Abrëll 2023

Weekend de Survie – Weider Detailer kommen no.

 

Fräi nom Motto „Back to the Roots“, entféieren mir iech op eng Rees an déi réi Survie. Kanns du dësen Challenge bestoën?

Mee/Juni 2023

Kéiscup zu Péiteng – Weider Detailer kommen no.

 

Ugefaangen huet den Kéiscup 2020 um Neihaischen. Den Rallye vir RaRo gëtt opgehuewen an nei gestart. Wann äeren Clan Besëtzer vum Wanderpokal wëll ginn, dann mellt iech un a gewannt hei!

Falls dier als Clan elo nach Aktivitéite geplangt hutt, déi dier wëllt an de LGS Kalenner setzen, oder wou mir bei de Clancheffe solle Reklamm maachen, da fäert net eis unzeschreiwen.

 

-> raro@lgs.lu 

 

Falls elo nach Froen op sinn, déi nach net beäntwert goufen, dann zéckt net eis ze schreiwen! :-D

 

Mat beschte Scoutsgreiss,

 

Vir d'RaRo-Ekipp

 

 

De Chris