Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Verbandssekretariat - Rentrée 2022/2023

Informatioune fir Gruppechef/tainen

1. Accès Memberfichier / Accord Gruppechef

2. Nei Memberen umellen

3. Cheflogin

4. Kotisatioun 2023

5. Assurance/Casco 2023

6. Platte Knuet - Redaktioun

7. Kalenner 2022-2023


1. Accès Memberfichier /Accord Gruppechef

 

D'Lëscht vun de Benotzer vum Memberfichier soll all Joer aktualiséiert ginn. Fëllt w.e.g. de Formulaire "Memberfichier - Ufro fir en Accès" aus. Wa keng Ännerunge sinn, mussen d'Benotzer, déi schonn en Accès hunn, de Formulaire net ënnerschreiwen. Wa Wiessel ass, soll d'Persoun, déi en neien Accès kritt, de Formulaire w.e.g. ënnerschreiwen.

Schéckt de Formulaire w.e.g. bis de 15. Oktober un d'Verbandssekretariat.

 

Formulaire Accès Memberfichier
Formulaire GC Accord

2. Nei Memberen umellen

 

Wéi all Joer kommen zum Ufank vum Guiden a Scoutsjoer vill nei Memberen dobäi. Hei muss opgepasst ginn (wéinst der Assurance), datt all Kand a Chef/taine, Mataarbechter, dee un engem Weekend oder anerer Aktivitéit deelhëlt, am Memberfichier agedroe gëtt.

Fir datt et esou gutt wéi méiglech klappt, hu Branchechef/tainen d'Méiglechkeet een Accès op de Memberfichier ze kréien. Si kënnen dann iwwerpréifen, ob all Participant am Memberfichier schonn dran ass.

Fir en Accès unzefroen, fëllt de Formulaire "Memberfichier - Ufro fir en Accès" aus.

Formulaire Accès Memberfichier

3. Cheflogin

 

Fir all Member, deen am Memberfichier mat enger Cheffunktioun ugemellt gëtt, gëtt direkt ee Cheflogin gemaach.

Fir datt de Cheflogin funktionéiert, muss bei der Persoun eng aktuell E-mail Adress agedroe ginn. De Chef/taine muss säi Login selwer aktivéieren, andeems hien/hatt de Passwuert vum Login zrécksetzt.

Et ass wichteg, datt bei all Stagiär-Chef/taine am Memberfichier d'Cheffunktioun agedroe gëtt, soss kënnen si sech net fir d'Formatioun umellen a kréie keng Newsletter.

Et ass net méi méiglech, datt de Gruppechef/taine en anere Chef/taine fir d'Formatioun umellt bzw. Formulairë fir si ausfëllt.

Dofir kontrolléiert w.e.g., ob bei all Chef/taine d'Cheffunktioun agedroe ginn ass an eng aktuell E-mail Adress dobäisteet.

Op dëser Säit fannt dir méi Informatiounen zum Cheflogin:

Info Cheflogin

4. Kotisatioun 2023

 

De Betrag vun der Kotisatioun fir d'Joer 2023 ass um Kongress op 17€ bzw. 15€ erhéijt ginn. D'Kotisatioun gëtt ëmmer fir d'Finanzjoer bezuelt, dat heescht vu Januar bis enn Dezember.

Wann an enger Famill méi Kanner am Grupp ugemellt sinn, bezilt dat eelst Kand 17€ an all déi aner 15€, esou laang si keen eegent Akommes hunn. Wann d'Elteren och Member sinn, bezuelen si 17€.

0€ kann bei Persounen agedroe ginn, déi an engem anere Grupp schonn ugemellt sinn an do d'Kotisatioun bezuelen. 

Wa Persounen mat der Status vu Demandeur de protection internationale am Grupp ugemellt ginn, iwwerhëllt d'Fondatioun fir si d'Kotisatioun. An dem Fall kann och 0€ bei der Kotisatioun stoen. De Grupp soll eng Lëscht vun de betreffende Persounen un d'Verbandssekretariat schécken.

 

D'Kotisatioune sollen bis Dezember am Memberfichier à jour gesat ginn. D'Rechnung gëtt am Januar verschéckt.


5. Assurance/Casco 2023

 

De Verband huet 3 verschidden Assurancen.

D'Haftflicht RC bezilt all Member mat der Kotisatioun.

Vun der staatlecher Onfallversécherung (AAA - Association des Assurances Accident) sinn all Memberen, souwäit se an d’Schoul ginn oder als Chef/taine ugemellt sinn, verséchert.

Fir all aner Member gouf eng privat Onfallversécherung bei

„La Luxembourgeoise“ ënnerschriwwen. CaraPio, RaRo, déi eng Léier maachen, musse fir d'AA am Memberfichier ugemellt ginn. Albatrossen, déi net als Chef/taine ugemellt sinn a Mataarbechter kënne vun der AA profitéieren. Dat soll och am Memberfichier agedroe ginn ënner "Lëschten".

D’LGS hunn eng Casco-Assurance. Den Termin fir bei eiser Casco-Assurance (1.1.–31.12.) matzemaachen ass den 1. Dezember. No dësem Delai gëtt kee méi op d’Lëscht dobäigeschriwwen!! D’Primm vun der Assurance ass 10€, déi un d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwwerwise gëtt (BILLLULL LU96 0029 0100 0002 3100). Wann de Grupp fir Chef/tainë d'Casco bezilt, soll eng Lëscht vun de Persounen un d'Verbandssekretariat geschéckt ginn.

 


6. Platte Knuet - Redaktioun

 

D'Konzept vum Platte Knuet ass d'lescht Joer geännert ginn. D'Zeitung soll de Programm vum Verband ënnerstëtzen, deementspriechend ginn an all Nummer verschidden Themae behandelt.

D'Ekipp vun der Redaktioun setzt sech dofir an, datt d'lokal Gruppe méi agebonne ginn an hir Iddien an Erfarungen mat anere Gruppen deele kënnen. 

Mir ginn iech hei d'Themaen a d'Deadliner vum Platte Knuet  mat, fir datt dir iech am Grupp kënnt Gedanke maachen, ob dir eppes fir d'Zeitung kéint/wëllt preparéieren. 

 

  1. Platte Knuet 1: Deadline 29. Oktober, Thema B.A.
  2. Platte Knuet 2: Deadline 11. Februar, Thema: Gemeinschaft - zesumme liewen, zesumme schaffen
  3. Platte Knuet 3: Deadline 27. Mee, Thema: B.A. & Gemeinschaft um Camp

D'Redaktiounsekipp wär frou, wann dir matmaache géift, fir datt esou eng flott Zeitung kann entstoen.

 

Hutt dir eng gutt Iddi, wollt dir iwwer är Erfarungen um Camp, WE schreiwen? Mellt iech bei eis!

Kontakt Redaktioun

7. Kalenner 2022-2023

 

Op Nofro ass en LGS-Kalenner gemaach ginn, wou all Datumer, déi bis Kongress festgeluecht goufen, dra stinn.

Dir kënnt de Kalenner A3 bis A4 Format printen.

 

D'Informatiounen vum Kalenner sinn ouni Garantie! Et kënnen Datumännerungen wärend dem Joer virkommen, dofir informéiert iech reegelméisseg um LGS Site: news.lgs.lu/agenda/ bzw. Formatiounsportal.

 

Dir kënnt dëse Kalenner am Verbandssekretariat froen: sekretariat@lgs.lu

Kalenner (PDF)
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken