Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Annexe: Montée

Léif Gruppechef,

 

D’Montée bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ass traditionell am Ufank vum Aktivitéitsjoer an ass den Iwwergang vun enger an déi aner Branche, respektiv bei de Biber d’Ophuelen an d’Guiden- a Scoutsgemeinschaft. Et ass dee Moment, wou all Guide oder Scout kann op dat zréck kucke wat hien erlieft an erreecht huet a mat Virfreed op dat kuckt wat kënnt.

 

All Grupp kann hei seng Traditiounen hunn, ouni ze vergiessen, dass dës sech am Geescht vum Guidismus a Scoutismus rëmfannen. Et ass wichteg, datt all Jonken d’Montée mam vollste Vertrauen a seng nei Trupp a Chefekipp erlieft. Dofir soll et op kee Fall eng Muttprouf sinn. 

 

All Aktivitéite sinn de Fähegkeeten vun de Neien ugepasst, esou wéi dat an eise Methoden verankert ass. Si respektéieren d’Würd vum Jonken a bidden him d’Méiglechkeet dat néidegt Vertrauen a seng Chefekipp an a seng nei Trupp opzebaue fir dëse grousse Schratt ze maachen.

 

Mir bieden iech dofir dëst Dokument un är Chef weiderzeleeden a mat hinnen doriwwer ze diskutéieren.

 

Zéckt net iech bei Froen oder Onkloerheete bei eis ze mellen.

 

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

 

De Verbandscomité

Annexe - Montée bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken