Leif RaRo,
De Weekend de Lancement steet virun der Dier.
Vir all déi di nach net ugemellt sinn, wëlle mer iech heimat nach engkeier invitéieren iech unzemellen.
De Weekend steet ënnert engem neie Stär.
Mir treffen eis Samschdes, den 22. Oktober um 14h00 an der Stat op der Gare. Äert ganzt Gepäck schleeft der natierlech net de ganzen Daag mat ronderëm. Mir hunn eng Camionnette op der Gare wou der äre grousse Rucksak kennt draleeën. Denkt also drun och en klengen Dagesrucksak matzebréngen.
Mëttes leiere mer eis Stat a Form vun engem Rallye e bëssen anescht kennen. Eisen Owend verbrénge mer beim Scoutschalet um Sennengerbierg.
Den Owend loosse mer mat engem Nuetsspill an engem gemeinsame Moment auskléngen.
Trotz Wand a Wierder probéiere mir awer, d'Nuecht dobaussen ze verbréngen. Denkt also un di richteg Kleedung an en Zelt/Tarpe! ;-)
De Sonndegmoie passe mer dem Wierder un. Falls d'Wierder eis gutt gestemmt ass, maache mer eis a Richtung Staat an diskutéieren ënnerwee iwwer verschidden Themen, di eis als Ekipp wichteg sinn.
Géint 15h00 Auer komme mer erëm an der Stat bei der Gare un, wou eise Weekend dann och fäerdeg ass.
Eckdaten:
Praiss: 25€ (cash oder via Digicash sur place)
Material:
- gudde Schlofsak + Isomatt
- Zelt/Tarpe
- Kleeder vir all Wierder
- Trëppelschong
- Klenge Rucksak vir Mëttes
- Gamell, Besteck, Becher an en Bidon.
Treffpunkt: Samschdes 22.10.22 um 14h00 op der Lëtzebuerger Gare (Kommt wann méiglech mam ëffentlechen Transport oder maacht Fuergemeinschaften).
Unmeldungsschluss: Donneschdes den 20.10.22
Bei weidere Froe sti mer iech gären zur Verfügung.
Är RaRo-Ekipp
|