Léif Avexchefs,
Klenge Rappell fir den Kéis a Beaujaulais Owend fir Cheffen. Et sënn nach net vill Leit ugemellt, wat schued ass fir den groussen Opwand.
Mir invitéieren iech häerzlech den 17. November 2022 mat eis ee flotte gemittlech Owend zu Sandweiler am Chalet ze verbréngen. Lass geet et ab 18.00 Auer. Nieft engem Plateau Kéis an engem Glas Beaujaulais bidde mir iech e puer flott Atelier’en un, wou dir bestëmmt e puer nei Iddi’en kritt fir mat ären Avex ze maachen. D’Participatioun läit bei 10€ pro Persoun.
D’Umeldunge sinn bis den 10. November 2022 op. https://chefbox.lgs.lu/desk/11835/
Bis dann, d‘Avexekipp
Save the Date :
1-4 Abrell : Stip 6 Mee : Nuetsrally 10 July : Absurdcup
|