Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - November 2022

1. Challenge Nohaltegkeet

2. Thinking Day 2023

3. Friddensliicht 2022

4. Actionbound

5. Gruppechefformatioun an Admin Dag
6. Rappel: LGS/SNJ NuetsFunkRaid 2023

7. Simply Scouting

8. ONGD - Paniers garnis pour Noël


1. Challenge Nohaltegkeet
 

D'Guiden a Scouts Joer leeft op vollen Touren an dir sidd bestëmmt fläisseg um Plange vu flotten Aktivitéiten, Sortien, Weekender a sécher och schonn de Summercamp?

Firwat dës Aktivitéiten net nach en Tick méi nohalteg gestalten an dobäi e flotte Präis gewannen!?

Wéi geet dat? Huelt beim Plangen déi nei "Checklëscht Nohaltegkeet - Ökologesch op enger gréisserer Aktivitéit" bei Hand. Kräiz an der Checklëscht d’Punkten un, déi dir fir är Aktivitéit erfëllt hutt. Hutt dir déi Punkte mam *alleguerten erfëllt, an 9 ouni*, hutt dir iech eng Auszeechnung verdéngt. Déi beschten nohalteg Aktivitéite gi mat engem Kaddo belount.

Hutt dir nach Froen oder braucht hëllef beim Ëmsetzen, da mellt iech bei eis: nohaltegkeet@lgs.lu

Hei fënns du d'Checklëscht

2. Thinking Day 2023

4. Mäerz 2023

 

Mir invitéieren iech op de Thinking Day 2023 de 4. Mäerz 2023 vun 10h00 bis 16h00 am Zentrum vum Land. Mir wëllen dësen Dag mat iech all zesumme féieren a proposéieren e flotte Programm Motto fir all Branche. Fir e gudde Maufel moies an e waarmt Mëttegiessen ass och gesuergt.

Feiert mat a mellt iech bis den 10.01.2023 op dësem Link un.

Umeldung Thinking Day

3. Friddensliicht 2022

 

 

Samschdeg de 17. an 18. Dezember 2022

Dëst Joer kënnt dir op zwou verschiddene Plaze mat ärem Grupp un enger Friddensliichtsfeier  deelhuelen. Samschdes de 17. Dezember fënnt zu Schengen eng international Feier statt. Sonndes den 18. Dezember organiséiert de Grupp St Alfonso zesumme mam Grupp Arche de Noé eng Feier um Briddel.

Am Anhang fannt dir de Flyer an och de Bestellziedel fir d’Käerzen.

Flyer Briddel & Schengen
Flyer Schengen
Bestellformulaire Käerzen

4. Actionbound

 

Sidd dir nach op der Sich no flott Wanteraktivitéiten??

Wéi wier et z.B mat enger digitaler Schatzsuche op engem Gruppeweekend, engem Escape Game am Bësch oder engem Nuetsrallye?

Mam Programm Actionbound hutt dir d'Méiglechkeet, eegen digital Rallyen, Escape Games etc. ze erstellen oder och op fäerdeg Rallyen zouzegräifen. 

Mir stelle fir all LGS-Grupp en eegenen Account (gratis) zur Verfügung an ënnerstëtzen iech bei der Planung an Ëmsetzung vun ären Iddien. 

Fir äre Gruppen-Account ze aktivéieren oder bei weidere Froe mellt iech beim Marlen: marlen.oldenburg@lgs.lu 


5. Gruppechefformatioun an Admin Dag

Chef a Cheftainen, déi wëlle Gruppechef/taine ginn, kënnen sech ab elo fir Formatioun umellen. Vergiesst net, dass der net just de Formatiounsweekend, mee och den Administrativen Dag maache musst.

  • Gruppechefweekend 17.3.-19.3.2023
  • Administrativen Dag 28.1.2023
Mat beschten Gréiss
Gruppenekipp
Umeldung GC Formatiounsweekend
Umeldung Admin Dag

6. Rappel: NuetsFunkRaid Master Edition 2023

 

NuetsFunkRaid

MasterEdition

Cooperatioun LGS / SNJ

14/15. Januar 2023

 

Wat ass dat?

  • Crashcours an Orientatioun (Kaart a Kompass)
  • Crashcours a Funk-Kommunikatioun
  • Orientatiounslaf an Equippen vun owes bis moies mat Funkguidage
  • Gruppenchallenge an Equippe vu 4 Leit
  • En Erliefnis wat hänke bleift!

Wou: Meetingpoint ass zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, „Spillwiss“ ass d’Eisléck

Wéini: vum  14. op de 15. Januar 2023

Timing:

  • Ufank zu Ierpeldeng e Samschdeg, de 14. Januar 15.00 Auer
  • Schluss zu Ierpeldeng : Sonndes, de 15. Januar 12.00 Auer

Fir ween: all Chef, Albatrossen, Raro, a Carapio vu 16 (14) Joer un

Präiss: 35 €

Numerus Clausus: am ganze 48 Leit  

Umellen: bis den 02. Januar 2023 per Mail un  nuetsraid@lgs.lu

Onbedengt uginn:  Numm, Matricule, Adress, Telefonsnummer, Email-Adress, Grupp, Branche, Chef Jo/Nee

 

Bei Truppenumelldung: w.e.g. eng eenzeg Lëscht mat dësen Donneeën eraginn.

 

Weider Detailer:  komme no der Umelldung no.

 

Formatioun:  Dëse Nuetsraid gëtt fir Cheffen als Recyclagemodull unerkannt.

 

An dann nach - de Nuetsraid ass bei all Wierder!

Georges Faber (Fabi)

georges.faber@lgs.lu

Weider Detailer

7. Simply Scouting

 

Fir de Simply Scouting sinn op folgenden Datumer nach Plaze fräi:

Ab in die Wildnis

De Simply Scouting vum 10. Dezember um Neihaischen zum Thema "ab in die Wildnis", gëtt elo als hallef Journée ugebueden. Dëst eng Kéier vun 10:00 bis 13:00 a vun 14:00 bis 17:00 Auer.

10.12.2022, 10-13 Auer

10.12.2022, 14-17 Auer

um Neihaischen

Umeldung: cathy.kirsch@lgs.lu oder liz.feinen@lgs.lu

De Bësch am Wanter erliewen

Jee no Besoin gëtt d`Aktivitéit als Journée vu 6 Stonnen (vun 10:00 bis 16:00) oder als Sortie vun 3 Stonnen (vun 10:00-13:00 a vu 14:00-17:00) ugebueden

21.01.2023, 10-16 Auer (Journée)

21.01.2023, 10-13 a 14-17 Auer (Sortie)

Centre Ecologique "Holdaer" zu Dikrich

---

Outdoor Escape Games am Bësch

04.02.2023, 10-13 Auer

um Neihaischen

Umeldung: marlen.oldenburg@lgs.lu


Spiller am Bësch

04.03.2023, 10-16 Auer

am Centre nature et forêt Ellergronn

Hei ass nach Plaz fir e klenge Grupp 

---

Fit fir de Summer

27.-28.05.2023

Umeldung: tom.lahr@lgs.lu

Flyer

8. ONGD - Paniers garnis pour Noël

Depuis plus de 30 ans l’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt met son savoir-faire au service de l’éducation dans la mise en œuvre de projets de protection de l’enfance, d’éducation et de formation professionnelle, pour les communautés les plus vulnérables au Sénégal, Niger, Cabo Verde et Bolivie.
Afin de récolter des fonds pour développer nos projets, nous organisons notre vente de paniers garnis pour Noël. Les paniers sont composés de produits luxembourgeois bio et / ou fairtrade, ce qui permet aussi de soutenir les producteurs locaux. Les paniers ne sont pas tous identiques afin de laisser un peu de place à la surprise !
Nous les déclinons en deux versions (25€ et 50€). Voici les produits qui les composent :
 

Boîte à 25€
: une bouteille (0,2l) de jus de la ferme (pomme, poire, cerise…), un savon bio (50 gr), thé Rooibos de Noël, chocospoon, confiture artisanale
 

Sac à 50€
: une bouteille (0,2l) de jus de la ferme (pomme, poire, cerise…), un savon bio (50 gr), thé Rooibos de Noël, une bouteille de crémant Bernard Massard, miel, une tablette de chocolat, sac en toile de jute pour des courses écologiques
 

L’ensemble des bénéfices sera bien sûr utilisé uniquement pour la réalisation et le soutien de nos projets.

 

La livraison des paniers est planifiée autour du 5 décembre. Pour le mode de payement, vous pouvez effectuer un virement sur le compte suivant : LU88 0030 3469 4611 0000. Pour toute commande substantielle, n’hésitez pas à nous contacter au préalable afin d’assurer la date de livraison à votre meilleure convenance : 
contact@ongd-lgs.lu

Nous sommes impatients de vous faire découvrir nos délicieux paniers!

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken