LGS Newsletter - Januar 2023 |
| |
Hues du verpasst dech unzemellen oder et einfach vergiess.... Kee Problem mir verlängeren d'Umeldung fir de Thinking Day 2023 zu Miersch am Park bis den 3. Februar 2023. |
| |
Mir invitéieren iech op de Thinking Day 2023
vun 10h00 bis 16h00 zu Miersch am Park.
Mir wëllen dësen Dag mat iech all zesumme feieren a proposéieren e flotte Programm fir all Branche. Fir e gudde Maufel moies an e waarmt Mëttegiessen ass och gesuergt. |
| |
2. Scoutsrefugies@lgs.lu
Ee feste Grupp vun erwuessene Scouten organiséiert an engem Dräi-Woche-Rhythmus Scoutsaktivitéite mat Kanner a Jugendleche vun allen Natiounen, déi op Lëtzebuerg geflücht sinn.
Bei eisen Aktivitéite gi mir eis Méi, Scoutstechnike mat lëtzebuergeschen Traditiounen ze verbannen. Ëmmer méi Kanner a Jugendlech komme fir des Aktivitéite bei eis an d'Géisserei. Esou ware fir Halloween 63, a fir de Kleeschen an d'Chrëschtfeier all Kéiers ëm déi 70 Refugiéen am Haus.
Wärend de leschte Wanterdeeg, wou et eiskal do bausse war, sinn d'Leit zum Deel aus der Zeltstad Tony Rollman evakuéiert ginn, fir op méi waarme Platzen ënner ze kommen. Wéinst Mangel u Platzen huet een Deel vun de Leit awer missten an der Zeltstad bleiwen. Eise Grupp ass mat Kichelcher, déi d'Mierscher an d'Esch-Belvaler Guiden a Scoute gebak haten, a mat 100 Liter non-alkoholeschem Glühwäin an d'Zeltstad gefuer. Sou konnte mir dëse Leit trotz allem eng kleng Freed maachen.
Fir esou Aktiounen an Aktivitéite realiséieren ze kënnen, si mir op finanziell Ënnerstëtzung ugewisen.
Wann dir eis bei eiser Aarbecht ënnert d'Äerm gräife wëllt, da kënnt dir dat iwwert en Don vun ärem Grupp oder iwwert e Privatdon maachen. Mir sinn iwwert all Hëllef dankbar.
Fir all Don gëtt en Certificat ausgestallt.
All Doen ginn un:
Fondation Lëtzebuerger Guiden a Scouten
BIL LU95 0025 1738 1154 8100
mam Vermierk: Scoutsrefugies@lgs.lu
Mir soen iech elo scho villmools Merci fir är Ënnerstëtzung.
Mat beschte Gréiss
Marc Klepper
Chef bei Scoutsrefugies@lgs.lu |
| |
3. Opruff - Staff Päischtweekend Regionalekipp Zentrum & Süden
Déi zwou grouss CaraPio-Regionalekippen Zentrum a Süden wëlle klären, wien sech "beschten" Regionalekipp kann nennen. Dat Ganzt a Form vun engem klengen Päischtcamp den 27. bis 29. Mee 2023 zu Ettelbréck.
Samschdes treffen sech déi eenzel Truppen aus dem Süden no an no: si sammelen sech prinzipiell fir an déi grouss Schluecht ze zéien. Vun Posten zu Posten kommen méi Truppen dobäi, bis se zum Schluss als kompletten Süden zu Ettelbréck ukommen. Zäitgläich mécht den Zentrum dat nämmlecht. Sonndes plangen mir eng Aart Olympiade mat Spiller, wou Ekippen aus dem Süden géint Ekippen aus dem Zentrum untrieden. Méindes erwaart eis e grousse Volleyball-Tournoi an Lasergame zu Ettelbréck. Grouss Veilléeë stinn owes natierlech och um Programm. Dat Ganzt gëtt agepaakt an eng Geschicht mat Kinneken, Zäitreesen, Priister, engem Amulett a villem méi.
Wat ass deng Roll?
Fir dass sou e grousse Päischtcamp gutt funktionéiert brauche mir e bëssen Ënnerstëtzung vun engem Top-Staff: Ravi, 1. Hëllef, Programm, Infra, Chefbar - mir brauchen iwwerall e bëssen Hëllef a géifen eis extreemst freeën, wann s du Loscht häss, deelzehuelen an de CaraPio aus dem Süden an dem Zentrum e wansinneg Erliefnis ze bidden.
Fir déi aus dem Norden : dir sidd neutral an är Hëllef gëtt ëmsou méi gefuerdert, mir brauchen och eng kleng (fair) Jury fir déi eenzel Spiller/Challengen.
Wéi kanns du dech umellen?
Iwwer dëse Link kanns du dech bis den 30.01.2023 umellen: |
| |
Hues du nach Froen?
Wann s du Froen hues, schreif eis dach einfach eng Mail, oder eng WhatsApp, oder ruff un - mir freeën eis iwwer all Noriicht!
Du wees nach een, deen onbedéngt an de Staff sollt kommen?
So eis direkt Bescheed, da melle mir eis direkt perséinlech bei deem, mir freeën eis iwwer jiddereen.
Bis hoffentlech ganz geschwënn, Julie, Guy, Georges an JJ |
| |
4. Opruff - Programm-Staff Terraviva
Wéi s du jo bestëmmt weess, fënnt vum 17.-27. Juli 2023 de nationalen Avexcamp Terraviva 2023 zu Ettelbréck statt.
Bass du motivéiert fir am Programm ze hëllefen?
Da mell dech bei eis. Mir sinn frou fir all Hëllef, sief et de ganze Camp oder just e puer Deeg.
Du muss och net Avexchef si fir ze hëllefen.
Wann s du also interesséiert bass, da schreiw eis: |
| |
Wann s du 18 Joer hues a Loscht hues emol hannert Klouschtermaueren ze gesinn, da mell dech fir de Weekend vum 11.-12. Mäerz am Trappisteklouschter zu Orval un.
|
| |
6. Invitatioun fir de Scoutsresistenzdag
|
| |
7. Formatioun "Politik an ech"
Neien Datum fir d'Formatioun „Politik & Ech“:
25. Februar 2023, 10:00- 17:00 Auer, um Neihaischen.
Dir kënnt iech nach bis den 21.Februar umellen. |
| |
Ob s du wëlls oder net: du bass e politesche Bildner!
Politik?! Demokratie?! Dat huet näischt mat mir ze dinn! Oder dach?
Cheffen handele politesch an hunn een Afloss op hir Gruppen. Mee wéi? Wat hues du mat politescher Bildung ze dinn? Wat ass dat iwwerhaapt? A wat heescht dat an der Praxis?
An dëser Formatioun:
- gesäis du an enger Simulatioun, wat s du mat Politik ze dinn hues a wat Demokratie bedeit,
- fënns du eraus, wou sech Demokratie a Politik am Scoutsalldag verstoppen,
- léiers du Inhalter an Zieler vu politescher Bildung kennen,
- entwéckels du Weeër, fir mat Kanner a Jugendlecher iwwer Politik a Gesellschaft ze diskutéieren an hinnen ze hëllefen hir Stëmm héierbar ze maachen, an dat besonnesch am Waljoer 2023
Weider Infoe ginn et beim Liz: liz.feinen@lgs.lu // Tel. 26 94 84 36 |
| |
8. Safe from Harm: Richtlinn fir den Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen
Léif Chef/tainen,
ënner folgendem Link (chefbox.lgs.lu/desk/safe-from-harm) fannt dir d'Richtlinn fir den Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen, déi an Zesummenaarbecht mat der FNEL an der Cnapa enstaanen ass.
Dës Richtlinn ass ausgeschafft ginn, fir dass all Scoutsgrupp sech, ënner Berücksichtegung vun de gültege Gesetzer, säin eegene Kader setze kann. Si versteet sech als Recommandatioun a soll Orientéierungshëllef fir all eis Chef/tainen a Memberen déngen a si fir den “Ëmgang mam Theema Alkohol, Tubak an illegalen Drogen” am Kader vum Scoutissem sensibiliséieren.
D’Dokument soll an der Praxis vum Scoutissem dobäi hëllefen de Sujet ze behandelen an ugepasst domat ëmzegoen. Hei geet et virun allem ëm Jonker, bei deenen de (begrënnten) Verdacht besteet, dass si wärend oder ausserhalb vun enger Scoutsaktivitéit, Alkohol, Tubak oder aner Droge consomméiert hunn, dobäi hunn, kaf hunn oder domadder dealen. Am Mëttelpunkt stinn d’Gruppen an de Verband an hirem Handlungsberäich.
Falls dir Froen zur Richtlinn hutt, mellt iech ënner sfh@lgs.lu
|
| |
9. Ufro vun Ernennungen
Léif Chef/tainen,
Wéi vill vun iech sécher matkritt hunn, si mir mat den Ernennungen hannendran. Et ass näischt verluer gaangen an d'Ufroe sinn och bei eis ukomm.
D'Ëmsetzung vum System vun den Checkpoints huet méi laang gedauert ewéi geplangt. Mir sinn awer ganz zouversiichtlech, geschwë kënne live ze goen an duerno d'Demanden of ze schaffen.
Dofir hutt w.e.g. nach bëssi Gedold mat eis, dir kritt eng Mail soubal d'Demanden ofgeschafft ginn :)
Lénks Patt
Formatiounscommissaire
|
| |
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
| |
|