Guiden- a Scoutsaktivitéiten
Léif Cheftainen a Chef,
Wéi dir bestëmmt alleguer scho matkrut, ginn d’Moossname géint d’Verbreedung vum Coronavirus vum 26. Dezember 2020 un nach eng Kéier verschäerft. Dozou gehéiert dass d’parascolaire Aktivitéiten op d’mannst bis den 10. Januar 2021 net méi erlaabt sinn.
Deemno sinn an deem Zäitraum keng Guiden- a Scoutsaktivitéite mat physescher Präsenz méiglech.
Dir kënnt a sollt an där Zäit natierlech weiderhin de Kontakt mat äre jonke Guiden a Scouten halen, am Sënn vum #scoutingdoheem.
Soubal mir wëssen ob – an ënner wéienge Konditiounen – Guiden- a Scoutsaktivitéiten nom 10. Januar nees méiglech sinn, soe mir iech Bescheed.
Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch,
David Heck, Angélique Krier, Marc Weis |