Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Februar 2023 Rectificatif

1. Invitatioun fir de Scoutsresistenzdag - Rectificatif

2. Opruff - Mir siche Juchte fir de Camp Terraviva

3. Opruff - Mataarbechter gesicht fir de "Fort Terraviva"


1. Scoutsresistenzdag - Nei Adress
 

Well d'Grenzer Kierch zu Esch wéinst technesche Problemer zou ass, huet musse fir de Scoutsresistenzdag eng aner Plaz gesicht ginn. D'Feier wäert deemno den 12. Mäerz 2023 um Neihaischen an der Kapell stattfannen.

Klick op d'Bild


2. Opruff - Mir siche Juchte fir de Camp Terraviva
 
 
No der Annulatioun wéinst COVID, organiséieren d'LGS endlech de groussen nationalen AvEx Camp "Terraviva" zu Ettelbréck hannert der Däichhal, dëst vum 17. – 27. Juli 2023.
 
D’Ekipp Native Village ass gefrot ginn, fir beim Programm ze hëllefen, an zwar mat engem groussen Escape Spill, wou e groussen Escape Room gebaut gëtt. Den Numm vun eisem Spill heescht "Fort Terraviva" a behandelt déi 4 Elementer vum Camp.
Den Numm "Fort" steet fir de Raum, wou wärend engem ganzen Dag ongeféier 120 AvEx flott a spannend Abenteuer, Aufgaben a Rätsel musse meeschteren resp. léisen. Beim "Fort" inspiréiere mir eis um "Fort Boyard", enger Sendung op
der franséischer Tëlee.
Jo, dir hutt richteg verstanen, mir probéieren eng Festung als Escape Room ze bauen.
 
D'Infrastruktur vum Fort "Terraviva":
Fir dëse Fort ze baue brauche mir eng Parti Juchten, an zwar vum 13. – 28.7.2023. Falls äre Grupp eng oder méi Juchten huet, an eis dës fir den AvEx Camp ausléinen kann, kënnt dir iech fir weider Detailer beim Tom Lahr ënnert tom.lahr@lgs.lu mellen.
 
Elo schon a grousse Merci fir är Hëllef!

Klick op d'Bild

zum Ufank


3. Opruff - Mataarbechter gesicht fir  de "Fort Terraviva"

 

Wou genau brauche mir Hëllef? A wien?

Mir brauche Leit, déi punktuell beim Opriichten/Ofriichten an oder wärend dem Camp dobäi sinn. Jiddereen ass also wëllkomm punktuell oder wärend eenzel Deeg oder de ganze Camp.

Fir dëse Fort, dee mir fir de Camp aus Holz, Paletten, Juchten,…. bauen, hu mir vum 13. – 17. Juli 2023 Zäit. Mat genuch Hëllef an engem Plang absolut realiséierbar. Fir dës "verréckt Iddien" brauche mir natierlech vill a gutt Leit; also DECH!

Fir dëse Projet unzegoen, ass et wichteg mat Zäit ze wëssen, wéivill Mataarbechter mir hunn. Falls du elo interesséiert bass, da mell dech w.e.g sou schnell wéi méiglech beim Tom Lahr via tom.lahr@lgs.lu un.

Mat beschten Guiden a Scoutsgréiss

Fir d’Ekipp „Fort Terraviva“

Tom Lahr

Klick op d'Bild

zum Ufank


Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken