Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Mäerz 2023

1. Roverway 2024

2. Diversitéit an Inklusioun bei den LGS? Schwätz mat!

3. Open Call - Agora 2023

4. Call For Participants - Advocates for Europe

5. WOSM Spendenaktioun

6. Studentefloumaart


1. Roverway 2024 - 1. Newsletter a provisoresch Umeldung

[LU] Léif Guiden a Scouten, léif RaRo,

2024 ass et nees esou wäit: Roverway 2024 an Norwegen ! De Roverway ass dat grousst europäescht Jamboree fir Rover a Ranger.

All d’ Informatiounen fannt dir op de Site vum Lëtzebuerger Contingent: https://rw2024.sil.lu/

Um Site fennt dir och dei 1. Newsletter, wou all wichteg Informatiounen iwwert den Roverway stinn esou wéi och wei dir iech provisoresch umellen kennt fir dësen eemolege Camp ze erliewen.

[FR] Chers Guides et Scouts, chers Rovers,

Une nouvelle aventure vous attend pour l`été 2024 : Roverway 2024 – Norvège ! Le Roverway, c’est le grand jamboree européen pour Rover et Ranger.

Toutes les informations ce trouvent sur le site du Contingent Luxembourg: https://rw2024.sil.lu/

Sur le site vous trouverez la Newsletter 1, avec toutes les informations importantes sur le Roverway et où vous pourrez faire votre inscription provisoire pour vivre ce camp unique.

zum Ufank


2. Diversitéit an Inklusioun bei den LGS? Schwätz mat! - AG Diversitéit

 

Um leschte Kongress (24.09.2022) zu Ettelbréck, hun d’LGS eng Resolutioun zum Thema “Diversity” ugeholl. 

Dorops gouf eng néi spezifesch “Aarbeschtgrupp Diversitéit” aberuff.

Du interesséiers dech fir dësst Thema? Du hues Ideeën wei d’LGS méi diverse an inklusiv kënne sin?

Da mell dech an eiser AG Diversitéit, a schwätz mat. Deng Meenung zielt!

Mir sinn ëmmer frou iwwert nei IdeeënFroën oder motivéiert Leit déi wëlle matmaachen.

Kontaktéier eis: diversiteit@lgs.lu

Resolutiounstext

“Bei de Guiden a Scouten ass jidderee wëllkomm. Mee spigelen eise Verband, eis Method, an eis Aktivitéiten dat och zeréck? An eiser Diskussiounsronn hu mir iwwert verschidden Themen diskutéiert wou Diversitéit misst grouss geschriwwe ginn. Dobäi ass eis opgefall, dass dat a ville Beräicher nach net de Fall ass, oder op allefall, dass mir eis kee genaut Bild kënne maachen, op wéiengem Standpunkt mir a punkto Diversitéit sinn. Fir eis als Guiden a Scouten als Virspriecher vun enger „besserer Welt“ kënnen ze positionnéieren, ass et wichteg, dass mir eis och intern déi richteg Froe stellen.
 
Mir invitéieren de Comité driwwer nozedenken wéi mir als LGS besser mam Thema Diversity kënnen emgoen, zB duerch d’Grënnung vun enger Arbeschtsgrupp.”

zum Ufank


3. Open Call - AGORA 2023

 

Mir sichen RaRo/jonk Chef fir mat op d’AGORA zu Fatima a Portugal.

Wat ass d’Agora? E Rassemblement op Europäeschen Niveau vu RaRo fir RaRo. Et geet drëms sech als Jonker auszetauschen, Decisiounen ze huelen an een Engagement ze liewen, zesummen d’RaRo Method mat ze gestallten an generell eng flott Zäit mat Scouten aus ganzer Welt ze verbrengen !

D’AGORA wärt vum 12. bis den 16. Abrëll 2023 statffanen.
Wanns du matwëlls, da schéck eis bis den 19.03.2023 dain Scouts-CV op ic@lgs.lu.

Méi Informatiounen zur Agora

zum Ufank


4. Call For Participants - Advocates for Europe

 

Vum 24. bis den 28. Abrëll organiséiert WOSM Europe zwee Deeg “advocacy training and youth takeover” vun den EU Institutiounen. 20 jonk Guiden a Scouten kommen zësummen fir de Prozess vun “advocacy” bei de Scouten am europäeschen Kontext ze verstoen.

Während dem “youth takeover” vum 27. Abrëll wärt et méiglech sinn, sech mat wichtegen Entscheedungsträger aus der EU auszetauschen, an hinnen är Visioun fir d’Zukunft vun Europa matzedeelen.

Umeldung bis den 10. März

Méi Informatiounen & Umeldung

zum Ufank


5. WOSM Spendenaktioun fir Syrien an d'Türkei

 

Bei den rezenten Äerdbiewen an der Türkei an a Nordsyrien ginn et mëttlerweil iwwer 40.000 Doudeger a méi wéi 100.000 Verletztener.
D‘Ressource si limitéiert an et gëtt vill Hëllef gebraucht, dowéinst huet WOSM eng Spendenaktioun lancéiert fir déi Betraffen sur place ze ënnerstëtzen.
All Euro zielt.

Merci fir är Hëllef! 

Info zur Spendenaktioun WOSM

zum Ufank


6. Studentefloumaart

 

  • Du gees am Hierscht (fir d’éischt oder nees zréck) op d’Uni?
  • Du wëlls deng Studentebud flott ariichten, mä du bass net mam goldene Läffel am Mond op d’Welt komm an du muss dir deng Studentebourse gutt andeelen?
  • Als Guide oder Scout fënns du, dass mir an eiser Konsumgesellschaft vill ze vill ewechgeheien am Plaz de Saachen eng zweet Chance ze ginn?

Am Sënn vun der Nohaltegkeet proposéiere mir dir:

Fuer net direkt bis hannert d'Grenz, mä komm fir d’éischt  bei RECIKLEA laanscht.

Dat ass e Pop-up-Second-Hand-Shop, exklusiv fir Studentinnen a Studenten.

  • Wou? Am fréiere Shop vun der Géisserei,  5 Rue Munchen-Tesch L-2173 Luxembourg
  • Wéini?  Vum 7. bis den 9. Juli 2023, jeeweils vun 13.30 bis 19.00 Auer.

Wat fënnt een do? Glieser, Telleren, Tasen, Kichegeschier, Textilien, Deko, Häerz wat begiers de, a vill aner praktesch Saache fir an deng Studentebud.

Mam Erléis vun der Vente finanzéiere mir den Ënnerhalt vun eisem „Relais de l’Amitié“ zu Bilschdref.

zum Ufank


Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken