Desen Message ass gesponsert vun den Dikricher RaRo,
*Mae govannen* - oder aanescht: schéin dech ze treffen!
Et ass erëm sou wäit - no eiser After Kleeschen Editioun invitéieren d’Dikricher Raro rem an eis Roverbud de nächste Freiden (7.Abrell).
Thematesch ugepasst un dem Tolkien seng Welt "Mittelerde" wäert dës Kéier d’Roverbud op hier Aart a Weis blénken! Dir géiffe mer eech gären ,passend zum Thema Hobbit/Herr der Ringe ugedoen, empfänken. Fir gekleede Persounen gëtt et eng kleng Belounung.
Mir fänken de Grill un, da kënnt der eech eppes fir drop matbréngen.
Mir freëen ons op ierch, an da gesi mer eis de Freiden zu Dikrech!
*elen síla lúmenn' omentielvo* - ein Stern scheint auf die Stunde unserer Begegnung
Salut dir léif Kolleegen, Frënn awer virun allem Guiden an och Scouten.Den 7. Abrëll as et endlech erëm souwäit, eng kleng Bud am Bësch zu Dikrech déi vun Scouten gebaut gouf, mécht d'Dieren fir all déi aner RaRo an Albatrossen aus dem Land op.
Wat ass dat Ganzt?Als Scouten gesi mir eis ëmmer nëmmen op engem Camp oder eng Kéier am Joer um RaRo-Treff, mir wëllen iech awer e bëssen méi oft gesinn, well Dikrecher einfach sozial Leit sinn. Dowéinst gëtt d'Roverbud puermol am Trimester zu engem Café fir Scouten ëmfunktionéiert, deen awer och de Porte-Monnaie schount (2 fir Softdrinks an 2,5 Euro fir een Humpen)
Ween duerf ech mathuelen?Fill dech fräi fir jiddereen matzehuelen deen Loscht huet op een relax'en Owend an enger Atmosphär mat "Charakter" . Bréng däin Brudder mat, deng Schwëster, deng Bom, deen nigerianesche Prënz deen dir ëmmer E-Mail'e schéckt... déi eenzeg Konditioun ass: Jiddereen soll ee Scout sinn.Natierlech kënnt dir iech och an ärer RaRo-Grupp zesummen doen fir mateneen op Dikrech ze kommen, do géifen mir eis richteg freeën. Einfach alueden .Ob dir elo spontan komme wëllt oder geplangt mat der ganzer Grupp ass zimlech egal, einfach op "Zusage" drécken an de Buttek rullt.
Mir freeën eis op iech an hoffentlech huet jiddereen vun iech eis Roverbud eng Kéier genausou gären wéi mir
|