Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Abrëll 2023

1. Verlängerung Partenariat Voyages Vandivinit

2. Participatioun bei den LGS

3. Schwätz mat! Maach mat! Bestëmm mat!

4. Benefiziessen Niger

5. Wou fannen ech meng Chefkaart? - LGS App


1. Verlängerung Partenariat Voyage Vandivinit
 

Mir si frou Iech kënne matzedeelen, dass d'Partenariat tëscht de Lëtzebuerger Guiden a Scouten a Voyages Vandivinit em 3 weider Joer verlängert gouf.

 

Mat engem staarke Partner am Beräich Reesen a Bustransporter un eiser Säit si mir och fir déi nächst Jore gutt opgestallt, fir eis Memberen innerhalb Lëtzebuerg an iwwert d'Grenzen eraus sécher ze transportéieren. 

 

Mir erënneren drun, dass och eis Gruppe vun dëser Partnerschaft profitéiere kënnen.

Fir är Sortien, Campen etc. kënnt dir zu all Moment Busser a Minibusser zu attraktive Präisser bei Voyages Vandivinit lounen. Hier Reesagencen hëllefen iech och ganz gären är Fluch- an Zuchreesen organiséieren a buchen.

 

D’ganz Ekipp vu Voyages Vandivinit steet zu ärer Verfügung a kann iech gären e gratis Devis fir ären Trajet zouschécken.

 

Frot ären Devis oder weider Renseignementer gäere per E-mail u groupes@vandivinit.lu

zum Ufank


2. Participatioun bei den LGS

 

Wéi vill Matsproocherecht hunn ech bei den LGS ?
Wéi participativ si mir wierklech ?
Wéi kann ech mech als eenzele respektiv als Grupp bei den LGS abréngen?
 
Participatioun = matschwätzen, matdenken, matschaffen, matbestëmme … Wat bedeit et fir dech?
 
Nom Kongress vun 2021 gouf e kléngen Aarbechtsgrupp gegrënnt, dee schonn um Thema schafft a no Verstäerkung sicht.
 
Bass du motivéiert neie Wand an de Verband se bréngen a bass voll neier Iddien, wei een ons Jugend kann uschwätzen an abannen? Dann mell dech bei eis!
 
Dësen Opruff geet u jiddereen, dee bei den LGS ass (Biber – Albatross – Chef - Mataarbechter).
Den Aarbechtsgrupp gesäit sech +/- 6 mol d’Joer.
Bei Interesse kanns du dech beim Liz (liz.feinen@lgs.lu) mellen.  

zum Ufank


3. Schwätz mat! Maach mat! Bestëmm mat!

 

  • Du bass der Meenung, Jugendlecher a Kanner sollen am Grupp matschwätzen, matgestalten a matbestëmmen?
  • Du wëlls dech an denger Roll als Chef weiderentwéckelen?
  • Du hues vum Mini-Grupperot héieren, bass virwëtzeg a wëlls méi gewuer ginn?

Da bass du hei genau richteg!

Mir beschwätzen zesummen, de Wat, Fir wat a Wéi vu Participatioun am Grupp.

Zil soll et sinn, mat dir zesumme Iddien a Methode wei de Mini-Grupperot, konkret fir däi Grupp auszeschaffen, sou dass du des direkt ëmsetze kann.

Fir  weider Infoe kennt dir iech gäre beim Liz mellen: liz.feinen@lgs.lu // 26 94 84 36  

 

Formatioun

Datum: 13.Mee.2023 // 10:00 bis 17:00 Auer

Wou: Um Neihaischen

Präis: 15 Euro (Iessen inclus)

 
Umeldung Formatioun

Klick op b'Bild

zum Ufank


4. Benefiziessen Niger

 

Léif Frënn,

D’Entwécklungsprojeten am Niger hunn sech zum Zil gesat d’Ausbildung vun deene Jonken ze verbesseren, e Land wat och ee vun den Zillänner vun der Lëtzebuerger Entwécklungspolitik ass.

Onst Zil an deene Länner ass et eng gutt Ausbildung fir d’Kanner an déi Jonk ze ënnerstëtzen an an deem Dir un onsem Benefiziessen deelhuelt, hëlleft Dir ons dat Zil ze erreechen. Dofir soe mir Iech e ganz häerzleche Merci!

Roy Grotz
an d’Ekipp vun der ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt

D'Benefiziessen 2023 ass de 5. Mee am Domaine Thermal zu Mondorf (Orangerie)

Adress: Avenue des Bains L-5601 Mondorf-les-Bains.

Reservatioune si bis den 28. Abrëll méiglech. De Präis vun 110€ pro Persoun soll virum 2. Mee op dës Kontosnummer iwwerwise ginn :

BGLLLULL LU88 0030 3469 4611 0000 mat der Kommunikatioun: Benefieziessen; Numm/Virnumm .

Klick op b'Bild

Umeldung Benefiziessen

zum Ufank


5. LGS App

 

Hues du dir schonn déi nei LGS-App erofgelueden?

 

An der App fënns du deng Chefkaart mat dengen Ernennungen an dengem Chef-QR-Code. D'App gëtt et fir iOS an Android.

 

1. Mach op dengem Smartphone dës Link op: https://chefbox.lgs.lu/ an dréck op de Link, wou een d'App kann eroflueden.

2. Wann s du d'App erofgelueden hues, mells du dech mat dengem Cheflogin un. Wann s du uewe lénks op den Icon mat de Strécher drécks, geet e Menü op.

3. An dësem Menü fënns du deng Chefkaart an deng Formatiounen.

Wann s du op en Event gees, wou s du Paddele sammele kanns oder op Formatiounen, gëtt d'Chefkaart, déi s du an der App hues, agescannt.

zum Ufank

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken