Léif Cheftainen a Chef,
Léif Memberen,
D’Joer 2020 war e ganz besonnescht Joer, dat sécherlech kee vun eis sech esou virgestallt hat. Matten an eisem Elan goufe mir am Mäerz ausgebremst, eis Guiden- a Scoutsaktivitéiten hu mussen ënnerbrach ginn, gefollegt vun enger Zäit voller Ongewëssheet. Wärend där Zäit hutt dir alleguer äert bescht gi fir eis Gesellschaft, dir hutt deenen eeleren a vulnerabele Matmënsche gehollef, an dofir hutt dir e ganz décke MERCI verdéngt. Och nom Lockdown hutt dir alleguer bewisen dass mir bei de Guiden a Scouten ni opginn, mee ëmmer bereed sinn a weidermaachen. Vun der Summervakanz un bis elo hutt dir, ouni grouss Virbereedungszäit a mat begrenzte Méiglechkeeten an ënnert Restriktiounen, ofwiesslungsräich Guiden- a Scoutsaktivitéiten organiséiert.
Elo si mir um Enn vum Joer ukomm, a mir stinn nees mat vill Ongewëssheet do. Kee weess wéi et virugeet, a wéini mir eis Aktivitéiten nees ufänke kennen. Mir versécheren iech awer dass mir alles maache wäerten fir iech bestméiglech iwwert d'Entwécklungen vun der Situatioun z'informéieren, an z'ënnerstetzen.
Mir hoffen dofir dass dir vun dësen Deeg a Woche profitéiert fir iech auszerouen an Zäit am enkste Familljekrees ze verbréngen, fir nees voller Elan mat de Guiden- a Scoutsaktivitéite kennen unzefänken, soubal et nees erlaabt ass.
E grousse Merci un iech all fir är Flexibilitéit, äre permanenten Asaz an déi gutt Zesummenaarbecht. Mir kënnen houfreg op dat sinn, wat mir zesumme fäerdeg bruecht hunn.
Mir wënschen Iech alleguer schéi Feierdeeg an e schéint neit Joer 2021 mat vill Freed, enger gudder Gesondheet a ville flotte gemeinsame Momenter.
De Verbandscomité |