Wëllkomm beim Wëllefcher-Newsletter.
D’Inhalter sinn:
1. Biber- a Wëllefchersandacht, den 13. Mee 2023 an der Stad
2. Wëllefcher-Naturdag, den 17. Juni 2023 zu Dikkrich
1. Biber- a Wëllefchersandacht, den 13. Mee 2023 an der Stad
Eis Biber- a Wëllefchersandacht ass dest Joer Samsdes mëttes, den 13. Mee 2023 ronderem d’Kathedral. Virun der Andacht bereede mir Spiller an Aktivitéiten vir. Et ass eng toll Méiglechkeet är Versammlung an d‘Stad ze verleeën!
RV ass um 15h um Parvis vun der Kathedral. D’Andacht selwer fänkt um 17:00 Auer un. Schluss ass um 17:30h.
Mellt äre Ruddel oder är Biberfamill bis den 1. Mee iwwert folgenden Online-Formulaire un:
Link: Biber a Wellefcher Andacht 2023
Mir freën eis op ee schéinen Nometteg mat iech!
2. Wëllefcher-Naturdag, den 17. Juni 2023 zu Dikkrich
Eisen Naturdag ass dëst Joër erem zu Dikkrich am Bësch!
Wat? en Dag an der Natur mat villen flotten a fräien Iddien
Wéini? Samschdes, den 17. Juni 2023 vun 10h00 Auer bis 16h30 Auer (dir däerft awer och manner laang kommen; allerdings recommandéiere mir dass dir op d’mannst 3 Stonne mat ärem Ruddel bei eis sidd)
Wou? Am Bësch zu Dikkrich beim Fridhaff (mir organiséieren eng Navette vun der Ettelbrécker Gare bis erop)
Fir wien? Fir all Wëllefchers-Ruddel aus dem Land
Wat ass dëst Joer anescht ? Eisen Naturdag steet dëst Joer ënnert dem Thema “KOMM MAT” an dofir däerf all Wëllefchen ee Frënd matbréngen (egal ob deen nach guer net an de Scouten ass, oder evt an engem anere Ruddel ass. Wameiglech soll den Frënd tescht 6 an 12 Joer hunn).
Participatioun? 5€ pro Wëllefchen; d’Cheffe bezuelen näischt (am Präis ass de KOMM MAT-Badge abegraff)
Umellen? Séier! :) Bis spéistens den 1. Juni op folgendem Formulaire: Wëllefcher - Naturdag
Bis geschwenn,
Är Wëllefchers-Ekipp |