Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Ernennungen a Paddelen

Léif Cheftaine, léiwe Chef,

dësen Newsletter ass do fir ze erklären, wat sech un der Aart a Weis vum Ufroen a Verlängere vun de Chefernennunge geännert huet, a gëtt Äntwerten op Froen, déi sech vill betraffe Leit stellen.

// Wou bleiwe meng Paddelen ?

Zënter dem Chefdag 2022 zu Ettelbréck hu vill fläisseg a motivéiert Chef op allerhand Events a Formatioune Paddele gesammelt. Leider sinn déi bis elo nach néierens ze gesinn a verschidden Ernennunge sinn ausgelaf well se nach net gutt geschriwwe goufen.

// Wat leeft ?

Um Kongress 2022 zu Ettelbréck ass d'Method fir Paddelen ze sammele geännert ginn. Een Auszuch aus dem Reglement:

Fir eng Ernennung kënnen ze erneieren, muss de Chef u verschidde „Kanu-Aktivitéiten“ deelhuelen an doduerch „Paddele“ sammelen. Als Kanuaktivitéit gi Verbandsaktivitéiten a Formatioune vu Verbandsekippen an Aarbechtsgruppe gezielt. 

D’Iddi do derhannert ass et, d’Zuel u sougenannte Kanuaktivitéiten, bei deenen een als Chef Paddele kritt ze erhéijen, a gläichzäiteg e reegelméissegen Austausch tëschent Chef a Verband op nationalem Niveau ze verlaangen. 

Well dëst net nëmmen op Formatioune geschéie kann an all aktiv Participatioun un enger Aktivitéit vun enger Verbandsekipp oder engem Verbands-Aarbechtsgrupp soll valoriséiert ginn, hu mir d’Reglement entspriechend geännert.

Gläichzäiteg gi mir eis Méi, interessant an hëllefräich Formation Continue unzebidden.

Sou kann een sech méi einfach seng Paddele verdéngen, well dëst net nëmmen op Formatioune beschränkt ass well mir der Meenung sinn, datt een och op villen Aktivitéiten eppes bäi léiert déi net als Formatioun ausgeschriwwe sinn.

// Wou hänkt meng ofgelafen Ernennung da lo ?

Wéi vill vun eech well matkritt hunn, kann een seng Ernennung net méi einfach duerch ee Formulär an der Chefbox verlängere loossen.

Dat ass en Deel vun den Neierungen : D’Zil ass et, dass d’Ernennungen automatesch verlängert ginn, soubal ee Paddele gesammelt huet.

// Wat muss ech da lo maachen ?

1) Wann s du op d’Verlängerung vun denger Ernennung waarts, fir déi s du Paddele gesammelt hues : näischt!

2) Du muss just nach selwer aktiv gi fir :

  Nei an zousätzlech Ernennungen (KENG Verlängerungen)
  Nei Ernennungen a Verlängerunge fir de Gruppechef
  Nei Ernennungen a Verlängerunge fir den Animateur spirituel
// A firwat huet dat esou laang gedauert?

Dorunner gouf di lescht Méint vill (benevol) programméiert a getest, an et huet och méi laang gedauert wéi mir gehofft haten. Doduerch hunn eng Partie Cheftainen a Chef scho méi Gedold misse matbréngen am Prozess vun hiren Ernennungen. Mir bieden dat ze entschëllegen.

// Ab wéini funktionéiert den neie System?

Vu muer de Moien, dem 1te Juni un, geet et mat deenen automateschen Erneierunge lass. Dëst ass ee Prozess, deen e puer Dee dauere wäert. Du muss dofir näischt aktiv maachen.

Fir en Iwwerbléck ze behalen, kriss du bei all Schrëtt deen den Algorithmus mëscht eng E-Mail an där beschriwwe steet, wéi eng Erneierung verlängert gëtt, a wéi eng net, a firwat.

// Ok, mee ?

Bei Froe kanns de dech op formatioun@lgs.lu mellen. Bedenk awer datt op Grond vun dëser Ëmstellung bessi Zäit vergoe ka bis de eng Äntwert kriss.

Merci fir däi Versteesdemech !

 

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken