Momentan ginn et verschidde Problemer mat der Qualitéit vun de Foularden, déi iwwert den LGS-Shop verkaf ginn, dee vun der a.s.b.l. vun den LGS geréiert gëtt.
Am Joer 2022 ass d’a.s.b.l. ee Partenariat mat der ONGD Guiden a Scouten fir eng Welt vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten agaangen, fir d’Foularden am CIFOP (Centre International de Formation Pratique) am Senegal bitzen ze loossen an doduerch engersäits d’Entwécklungsaarbecht vun onser ONG z’ënnerstëtzen an anerersäits jonk Leit am Senegal ze hëllefen.
Den CIFOP besteet zanter 1988 a gouf deemools op Initiative vun de Lëtzebuerger Scouten gegrënnt. D’Foularde gi vu Studenten aus der Filière "couture" gebitzt an et ass keng industriell Produktioun.
Ier mer déi éischt gréisser Quantitéite Foularde bestallt haten, hate mer Échantillone gefrot, déi och eise Krittären entsprach haten. Leider ass déi Qualitéit awer nett konstant an esou sinn och mannerwäerteg Foularden an de Verkaf geroden.
Eis sinn zwou Saache wichteg. Engersäits wëlle mer mat dësem Projet weiderfueren, well mer dëst als geliewten Entwécklungshëllef gesinn, mee anerersäits wëlle mer eng tipp-topp Qualitéit verkafen. Dowéinst hate mer Gespréicher mat de Responsabelen vun der ONGD an dem CIFOP an hunn nei Qualitéitskrittären a -kontrollen agesat a setzen alles drun, fir dass d’Foularden nees an der gewinnter Qualitéit verkaf ginn.
Wann een net mat der Qualitéit vu sengem Foulard zefridden ass, kann een e gären an den LGS-Shop ëmtausche kommen.
Ganz wichteg ass awer ze bemierken, dass onse Partner vum LGS-Shop, Lessure Workwear, NÄISCHT mat de Qualitéitsproblemer ze dinn huet.
Eric Eifes
Lëtzebuerger Guiden a Scouten a.s.b.l.
President