Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Kongress & Chefdag 2023

1. Kongress 2023

2. Chefdag 2023

3. Kompass 2022-2023


1. Kongress
 
Samschdeg, den 23. September 2023
 

De Verbandskongress ass dëst Joer e Samschdeg, den 23. September um Kiem an der Stad an der Sportshal (1A, rue Anne Beffort L-1273 Luxembourg).

 

D'Aschreiwung ass vu 16 Auer un op, de Programm fänkt um 17 Auer mat den Diskussiounsronnen un. Den detailléierten Oflaf fënns du am Kompass. Déi verschidden Diskussiounsronne sinn:

  • Walrecht ab 16 Joer?
  • Finanzen
  • Ënnerstëtzung vum Benevolat
  • Gewaltfilm- Not sharing is Caring. Wat kënnen d'LGS maachen?
  • Wat ass de Verbandsrot?

Dëst Joer ginn en neit Team a Vertrieder fir de Verbandsrot gewielt. Wann s du um Kongress deelhëls a matwiels, kanns du matbestëmmen a wéi eng Richtung d'Aarbecht vum Verband weidergeet.

Wale vum Verbandsrot

Um Kongress gëtt de Verbandsrot fir 3 Joer nei gewielt. Dëse Gremium besteet aus 3 ernannte Gruppecheffen an 2 ernannte Cheffe pro Branche.

De Verbandsrot steet stellvertriedend fir all Cheftainen a Cheffen an trëfft sech op d’mannst 3 Mol am Joer mam Team fir iwwert déi Themen, déi uleien informéiert ze ginn, matzeschwätzen an Impulser ze ginn. Grouss Ännerungen déi ugeduecht sinn, Reglementer déi mussen ugepasst ginn, ginn hei zesumme mam Team beschwat.

Wann s du Loscht hues a motivéiert bass, hei matzeschaffen, da mell dech bei dengem Branchecommissaire bis spéitstens um Kongress.

Wann s du fir de Kongress verhënnert bass, kanns du engem anere stëmmberechtegte Chef/taine eng Prokuratioun ginn. Mat enger Prokuratioun kann een nëmmen den uerdentleche Programm vum Kongress mat ofstëmmen (keng Statutenännerungen).

 

Fir den Owend ass fir Iessen an Drénke gesuergt.

 

Mir hoffen, dech um Kongress begréissen ze däerfen.

 

 

Weider Informatioune fënns du am Kompass.

UMELDUNG

 

D'Umeldung fir de Kongress an/oder fir de Chefdag ass individuell. Dat heescht all Chef/taine muss sech selwer iwwert d'Chefbox umellen.

 

De Kongress ass en Checkpoint-Event. Fir de Kongress a fir de Chefdag kriss du e Paddel. Bréng dofir deng Chefkaart mat. Dës kanns du selwer an der Chefbox opruffen an eroflueden. Dofir muss du agloggt sinn. Oder du luets d'LGS-App op däi Smartphone: LGS-App

Umeldung Kongress/Chefdag
Procuratioun

2. Chefdag

 

Sonndeg, de 24. September 2023

 

De Verbandsgrupp invitéiert dech ganz häerzlech op de Chefdag um Kiem bei der Sportshal.

De Chefdag huet dëst Joer 2 grouss Ziler:

  • sech ze begéinen an eng schéin Zäit mateneen ze verbréngen,
  • iech Iddie mat op de Wee ze ginn, fir déi éischt Versammlungen ze plangen. 

Programm

  • 08:30: Aschreiwen, Kaffi a Croissant (Foulard vum Fischer)
  • 09:15: Ufank Chefdag mat Begreissung, Infoen, Animatioun
  • 10:00 - 16:00: Brancheversammlungen a Workshoppen

Catering

De Kiemer Grupp këmmert sech ëm de Grillstand, ausserdeem stinn 2 Food Trucks mat äthiopesche Spezialitéiten (och vegetaresch Platen) a Fish and Chips & Co. um Site.

Mir bieden dech, bei der Umeldung unzeginn, ob s du um Chefdag wëlls matiessen an ob s du eng Allergie hues oder Vegetarier/Veganer bass.

D'Iesse gëtt op der Plaz bezuelt.

Weider Informatioune fënns du am Kompass.

UMELDUNG

 

D'Umeldung fir de Kongress an/oder fir de Chefdag ass individuell. Dat heescht all Chef/taine muss sech selwer iwwert d'Chefbox umellen.

 

Aschreiwung op der Plaz - Checkpoint

 

Fir de Kongress a fir de Chefdag kriss du e Paddel. Bréng dofir deng Chefkaart mat. Dës kanns du selwer an der Chefbox opruffen an eroflueden. Dofir muss du agloggt sinn. Oder du luets d'LGS-App op däi Smartphone: LGS-App

 

Wann s du kee Smartphone hues, kanns du d'Kaart printen an esou matbréngen.

Umeldung Kongress/Chefdag

3. Kompass

Am Kompass fënns du d'Invitatioun, de Programm a weider wichteg Informatioune fir de Kongress a fir de Chefdag 2023.

Ausserdem fënns du hei den Aktivitéitsrapport vum Verbandsgrupp (Verbandsgrupp = Comité + Verbandsekippen + Aarbechtsgruppen) an de Finanzrapport. Iwwer den Aktivitéitsrapport gëtt um Kongress ofgestëmmt.

Kompass online kucken
Kompass PDF eroflueden
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken