Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - September 2023

1. Rappel Kongress & Chefdag 2023

2. Wale vum Verbandsrot

3. Finanzen - Video

4. Kooperatioun Schnekert x Scouting in Luxembourg

5. ONGD - Situatioun am Niger


1. Rappel Kongress & Chefdag 2023
 
Den nächste Weekend (23. a 24. September) sinn de Kongress a Chefdag um Kiem an der Stad. 

 

Denk wgl. drun dech esou séier wéi méiglech fir béid Eventer un- oder ofzemellen, fir datt de Kiemer Grupp an de Verband sech organiséiere kënnen.

 

Alleguer d'Informatioune fënns du um Site oder am Kompass. Hei kanns du nach eng Kéier déi ganz Newsletter vum 19. August kucken.

 

Wann s du net um Kongress deelhuele kanns, wäerte mir och e Live Stream zur Verfügung stellen. Hei kann s du awer net um Kongress mat ofstëmmen.

UMELDUNG

 

D'Umeldung fir de Kongress an/oder fir de Chefdag ass individuell. Dat heescht all Chef/taine muss sech selwer iwwert d'Chefbox umellen.

 

De Kongress ass en Checkpoint-Event. Fir de Kongress a fir de Chefdag kriss du e Paddel. Bréng dofir deng Chefkaart mat. Dës kanns du selwer an der Chefbox opruffen an eroflueden. Dofir muss du agloggt sinn. Oder du luets d'LGS-App op däi Smartphone: LGS-App. Fir op Nummer sécher ze goen, kann s du dir se am Viraus op dengem Handy ofspäicheren.

 

PROCURATIOUN

Wann s du fir de Kongress verhënnert bass, kanns du engem anere stëmmberechtegte Chef / enger anerer stëmmberechtegter Cheftaine eng Procuratioun ginn. Mat enger Procuratioun kann een nëmmen den uerdentleche Programm vum Kongress mat ofstëmmen (keng Statutenännerungen).

Umeldung Kongress/Chefdag
Procuratioun

2. Wale vum Verbandsrot

 

Um Kongress gëtt de Verbandsrot fir 3 Joer nei gewielt. Dëse Gremium besteet aus 3 ernannte Gruppecheffen an 2 ernannte Cheffe pro Branche.

De Verbandsrot steet stellvertriedend fir all Cheftainen a Cheffen an trëfft sech op d’mannst 3 Mol am Joer mam Team fir iwwert déi Themen, déi uleien informéiert ze ginn, matzeschwätzen an Impulser ze ginn. Grouss Ännerungen déi ugeduecht sinn, Reglementer déi mussen ugepasst ginn, ginn hei zesumme mam Team beschwat.

Wann s du Loscht hues a motivéiert bass, hei matzeschaffen, da mell dech bei dengem Branchecommissaire bis spéitstens um Kongress.


3. Finanzen - Video

D'nämmlecht wéi d'lescht Joer, hunn d'Finanzcommissairen am Virfeld vum Kongress e Video preparéiert deen dir hei kucke kënnt


4. Kooperatioun Schnekert x Scouting in Luxembourg

De Scouting in Luxembourg (SiL) huet fir dës Rentrée eng Kooperatioun mat dem Cactus/Schnekert lancéiert. 

Mam Verkaf vun all Aerbiersgebeess vum Schnekert, ginn d'Projeten vun den ONGD'en vun den LGS an der FNEL ënnerstëtzt.

E gudden Appetit.


5. ONGD - Situatioun am Niger

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken