Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Formatioun: STIP

Léif CaraPio Chef, RaRo Chef a Gruppechef,

 

Hei schécke mir Eech nach enker d'Informatiounen zu eisem CaraPio STIP Enn des Mounts. Et si nach Plaze fräi, mell dech also un!

 

Datum: Freideg, den 27. Oktober 18h00 bis Dënsdeg, den 31. Oktober 18h00

 

Platz: Miersch bis Fiels (Larochette)

 

Porgamm: De CaraPio STIP gëtt a Form vun engem klenge Camp Volant gehalen. - Keng Anscht et ass sou gestalt, dass jiddereen et packt! :-) (Eng Dagesetapp sinn tëschent 3 a 5 km.)

 

Ziel ass et all zukünftege CaraPio Chef déi néideg Informatiounen ze ginn fir hier Roll als Chef kënnen ze iwwerhuelen. D'Praxis gëtt an den Alldag agebonnen - mir probéiren et einfach direkt aus! Et solle nei Ideeë vermëttelt ginn wéi ee séng Aktivitéite ka plangen.

 

Inhalt: Dës Formatioun beinhalt de fréieren CaraPio STIP an den Tronc Commun. (Et feelt also just nach de PS Week-End.) Dir kënnt fir d'Wochendeeg Congé Jeunesse ufroen.

RaRo: Och RaRo Chef kënne bei eis de STIP maachen, an zesumme mam Methodendag vun de RaRo an dem PS Week-End kann een och op dem Wee säin Assistent ClanChef ufroen!

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken